René Kartheiser

Vu Wikipedia
René Kartheiser
Gebuer 22. Januar 1926
Schëffleng
Gestuerwen 1. September 2009
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Kanner Josiane Kartheiser


De René Kartheiser, gebuer den 22. Januar 1926 zu Schëffleng a gestuerwen den 1. September 2009[1], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Vun 1978 bis zu sengem Doud war hie Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal. Beim Concours littéraire national vun 1978 gouf hie fir säi Gedicht Hätt ech! a Lëtzebuerger Sprooch mam éischte Präis ausgezeechent. Säi Buch Rick iwwer d'Liewe vun engem Héngerdéif ass am Joer 1998 op Russesch iwwersat ginn, an zu Moskau erauskomm. 1991 gouf hie fir seng Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch mat der Sëlwer-Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz vun der Actioun Lëtzebuergesch ausgezeechent.

Hie war de Papp vun der Schrëftstellerin Josiane Kartheiser.

Seng Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Wichtelcher vum Holleschbierg, 1971
  • De klenge Stär, 1971
  • Nuets ass d'Welt ronn, 1971
  • Eng Päif laang, 1972
  • Abbe, hei hut dir et!, 1973
  • Batteralzem, 1976
  • Wëlle Wäin, 1978
  • D'Butzebuch, 1982
  • De Fraassi an de Froossi, 1982
  • Rick, 1986
  • De Kapp an de Stären, 1988
  • 20 Joer duerno, 1989
  • De Klibbchen, 1990
  • Dicks op!, 1992
  • Et as dach Summer, 1997
  • Ястреб Рик (Jastreb Rik), Iwwersetzung: Tatjana Kljujewa; Ill. vum Wladimir * Bissengalijew, Editioun vun der Moskauer Universitéit, 1998
  • Tëscht Sonneblummen a Lavendel, 2000
  • Am Kreesverkéier vun... der Zäit, 2004
  • Déi dräi - Les Trois Copains, mat Iwwersetzung vum Jacques Steffen, éditions saint-paul, 2009, ISBN 13: 978-2-87996-637-3

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • G. Carré (2009): 'Roueg den eegene Wee gon': René Kartheiser nous a quittés. Luxemburger Wort, 3. September 2009, S. 9.
  • G. Goetzinger & C.D. Conter (2007): Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 687 S. (R. Kartheiser: S. 309).
  • C. Mart (2009): Schriftsteller René Kartheiser hat uns verlassen. Lëtzebuerger Journal, Nr. 171, 5./6. September 2009, S. 21.
  • J. Steffen (2002): René Kartheiser, op der Sich no neie Weeër! Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 126 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Hien huet eis den 1. September 2009 am Alter vun 83 Joer verlooss.", Doudesannonce am Luxemburger Wort N° 206 vum 5. September 2009, S. 67
  2. Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur - Remise de décorations à la Bibliothèque nationale am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu