Jean Kandel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: E (vill ze) laangt Zitat, dat muss gekierzt an an Artikelform bruecht ginn. Eng jett Informatioune feelen nach.
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (Lëtzebuerger Lidder Archiv), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

Jean Kandel
De Jean Kandel a sengem Archiv mat enger Partitur vum Feierwon
Gebuer 8. Juli 1948
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lidderschreiwer, Komponist, Editeur, Geschäftsmann, Chouerdirigent


De Jean (Jang) Kandel gebuer den 8. Juli 1948 zu Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Lidderarchivar, Lidderschreiwer an Arrangeur, fréiere Geschäftsmann , Vendeur a Bankbeamten.

De Jean Kandel ass zu Stroossen, wou seng Elteren e Bauerenhaff haten opgewuess. Hien ass do vun 1954 bis 1960 an d'Primärschoul gaangen. Seng Uewerprimärschoul huet hien vun 1960 bis 1964 zu Habay la Neuve am Institut Sainte Famille gemaach. Duerno war hien nach sechs Méint an der École de Commerce et de Gestion déi allgemeng als Scherer-Schoul bekannt war Berufsliewen : BGL Luxembourg : 01.04.1965 – 01.03.1967 Epicerie de l’Etoile, bd. de la Foire : 01 04.1967 – 01.03.1976 Philips  Luxembourg : 01.05.1976 – 01.03.2000             BGL Luxembourg :   01.04.2000 – 31.12.2005      Pensioun : 01.01.2006.  Duerno : Archivéieren vu Lëtzeburger Lidder (4500 Wierker : Wierder an Nouten) -  Editioun vun 2 Lidderbänn: 2017 mat 45 an 2020 mat 50 Lidder déi nach bis dato a kengem Lidderbuch zefanne woaren.  Eege Wierker : +/- 150 Gedichter a Lidder vun deenen der 50 an engem Gedichts- a Lidderband erschénge sinn.

Musikalesch Aktivitéiten : nom Leedwuert : „ Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen Hien huet sech ëmmer fir Musek a besonnesch fir lëtzebuergesch Lidder intresséiert a sou koum et datt hien schon am jéngsten Alter ugefaangen huet Lidder ze sammelen, och däer, déi de Papp mat 2 Monniën gesongen huet, sou datt hie bis haut e Lidderarchiv vun iwwer 4500 Wierker opgebaut huet. Hie woar Member vum Gesangveräin vu Stroossen, bis 1981, duerno 24 Joer, dovun 15 als Président, zu Mamer. Hien huet och am Gesank an och an der J.E.C. zu Stroossen gäeren mat Theater gespillt. Grënner 2008 an Dirigent vun engem Chouer fir Senioren: “Becheler Sänger“ am Clubhaus „am Becheler“ zu Bereldéng a vun enger Gesangs Grupp am Foyer de Jour vum CIPA zu Mamer, beid eenmol am Mount mat haaptsächlech Lëtebuerger Lidder um Programm. Um Piano begleeg vum Guy Lucas, Organist um Bridel an zu Mamer, säit 2017 vum Michel Winter,  allias „FIP“, fréiere Pianist a Sänger bei der „Drumsee“. Ee Kulturschaz  deen ëmmer méi wichteg, awer leider och méi rar gëtt, musse mir gutt versuergen an deelweis erëm hierstellen fir déi nächst Generatiounen, an de Schoulen an a Lëtzebuerger Sproochecoursen . Eis Kultur a Liewensgewunnechten vu gëschter an haut ginn iwwer Lidder vermëttelt; ausserdeem bewierken an erreeche mir mat Lidder villes "zesummen, mat aneren Natiounen". Sangen beléiert also net nëmmen eis Sprooch, ma och allgemengt Wëssen sou wéi speziell Interessiën iwwer eist Land a seng Leit ! Lëtzebuerger Lidder gëtt et wuel vill a fir all Geleeënheet! Duerch Lidder kann ee villes gewuer ginn iwwer eist Land,  Géigenden an Dierfer, iwwer Bräicher vu fréier an haut, iwwer Berufer, Veräiner an Hobbyën! Ma och  iwwer bedeitend Leit, Fester a Feierlechkeeten, iwwer Iessen, Drénken a Léift, iwwer all Altersgruppen a Sozial Schichten,   ma och aus schwéieren Zäiten a vun traurege Momenter, sou wéi och Reliéis Theemen oder Kannerlidder. Duerfir ass esou ee „Lëtzebuerger Lidderarchiv“ vun iwwer 4500  Wierker eng wichteg Hëllef fir eise Kulturpatrimoine. Radio Sendungen an Artikelen iwwer „Lëtzebuerger Lidder“ : Bei „100Komma7“  den 12.12.2010  mam Angil Maquil.  De  07.12.2017 an   01.12.2021  mam  J. Cl. Majérus .             RTL: Patrick Greis  a Gérard Valérius 19 x Oktober 2015 – September 2018 . „Péiteng on Air“  17.01.2018       An engem Buch vum J. M. Backes, (JEM) 2017 , 17 Säiten iwwer „Lëtzebuerger Lidder“ an de „ Bëcheler Chouer“  Lux. Wort : 12.12.2016  Kultursäit - vum Thierry Hick, an 30.08.2021 Lokalsäit - vum Jean-Philippe Schmit . Tageblatt 3x  mat Verlousung vun je 4 Lidderbicher. RBS - GERO  :  2010 - 2023  11 x     De Cliärwer Kanton :  2020 an 2021 4 x an  1 x Verlousung  9 Bicher Ma och : UGDA / Piusverband /  INECC / Musel- a Sauerzeitung / ACL / De Méchel / Gaard an Heem / Moien.lu / My Wort / L.B.A. (Lëtzebuerger an Amerika) . Editiounen : Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen, Band 1 ( 50 Lidder ) - 2017 an Band 2 ( 45 Lidder ) - 2021 Hei epuer dovun :  Den décken Heng / Anekättchen / Ballade vum Tubak / de Stoussnéckel / D’Lidd vun der Flou / Kopleschter Lidd / Den Hilaire / Den Nikela an d’Sippchen / Am Pafendall /  Um Camping / Am Bistro um Eck. Lidder a Gedichter vum Kandel´s Jang! Fir e lëschtegen Owend,  = 30 Gedichter an 23 Lidder : Beim Mëller Lex zu Sir  /   D´Senioren /  De Bopi /   Den Auto! /  De Gesank  /  De Rantjen /  Mäi Lidd  /  Wahlen  /  Walfer Bicherdeeg  / Schëppen ass Tromp /   Beschass / Sangen ass gesond  /  Um Floumaart  /  Fir d´Pensioun / Wann d´Bänk erziele kënnt /  Wat ee Wieder / Deen neien Tram  / Do kanns de guer näischt maachen  /  Merci  / Jean la Gaufre  / Ballade vum Tubak /  Muselzeidung – 35 Joer  /  Vu Fréier /. Diskografie : 2015: D´Kopleschter-Lidd, vun den Becheler-Sänger fir de Veräin : Koplescht fréier an hott. 2017 -  Colette a Fernand Wark Revival, Luxemburg: Ons Lidder asbl . 2019 « Den Nikela an d’Sippchen » fir RTL Sendung vum Fränk Grotz iwwer de Pir Kremer .     Filmografie : 2018 : 130. Gebuertsdag vun der Maison Jean la Gaufre: Melodie vum Hämmelsmarsch. Opgeholl vun RTL op der Schueberfouer mat de Becheler-Sänger. 2017  : Colette a Fernand Wark Revival, Luxemburg: " Ons Lidder asbl ", Auszeechnung  : Sëlwer Eireplack Dicks-Rodange-Lentz (2022), fir den Asaz fir d'Lëtzebuerger Sprooch duerch de Lëtzebuerger Lidder Archiv mat iwwer 4500 Wierker an d'Editioun vun 3 Lëtzebuerger Lidderbicher. Internet : https://a-z.lu (2/2023); Online-Katalog bzw. Metasuchmaschine des luxemburgischen Bibliotheksnetzwerks http://www.actioun-letzebuergesch.lu/files/klack/247.pdf (3/2023); Abschnitt zu Jean Kandel in Luxemburger Wort Eng Klack fir eis Sprooch Nr. 247) vom 5./6.1.2018 https://www.rtl.lu/video/3315587 (2/2023); „Plaquette vu der Actioun Lëtzebuergesch“ auf rtl.lu vom 9.1.2023 www.jkandelmamer.hpage.de  Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen.