Robert Krieps
Robert Krieps | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
16. Oktober 1922 Duelem |
Gestuerwen |
1. August 1990 Clamart |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | LSAP |
Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
Famill | |
Papp | Adolphe Krieps |
De Robert Ernest Krieps, gebuer de 16. Oktober 1922 zu Duelem[1], a gestuerwen den 1. August 1990, war e lëtzebuergesche Politiker.
Liewen[änneren | Quelltext änneren]
Säi Papp war den Adolphe Krieps.
Am Zweete Weltkrich war hien an de Konzentrationslager vun Hinzert, Natzweiler-Struthof an Dachau internéiert. Am Dokumentarfilm "Schwaarze Schnéi" vun 1985 erzielt hien an aner 25 Lëtzebuerger wat si an de Konzentratiounslager matgemaach hunn.
Nom Krich huet hie säi Studium fäerdeg gemaach an ass Affekot ginn. Vun 1952 bis 1953 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.
Hie war sozialisteschen Deputéierten an der Chamber a vun 1989 bis zu sengem Doud am Europäesche Parlament.
Vun 1974 bis 1979 war hie Minister fir Bildung, Justiz a Kultur an der Regierung Thorn-Vouel-Berg a vun 1984 bis 1989 Minister fir Justiz, Kultur an Ëmwelt an der Regierung Santer-Poos I.
Vun 1980-1985 war de Robert Krieps President vun der LSAP.
Hien ass de Papp vum Bob Krieps an de Grousspapp vun der Schauspillerin Vicky Krieps.[2]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Franz Fayot, Marc Limpach (sous la direction de): Robert Krieps (1922-1990) - Démocratie, Justice, Culture, Education ; erausgi vun der Fondation Robert Krieps; 'Édition Le Phare', Esch/Uelzecht, 2009; 480 Säiten; ISBN 978-2-87964-115-7
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Robert Krieps – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Démocratie / Justice / Culture / Education – ROBERT KRIEPS (1922-1990) Publikatioun vun der Fondation Robert Krieps; 66 S.
- Portait vum Robert Krieps op der Websäit vum EP
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Gebuertsakt Nr.18/1922 vum 17. Oktober 1922 vun der Gemeng Duelem (Gebuert "gestern")
- ↑ Kate Kellaway Actor Vicky Krieps: I spent a whole day staring into greenery to avoid Daniel Day-Lewis, in The Guardian, 21. Januar 2018