Adolphe Krieps

Vu Wikipedia
Adolphe Krieps
Gebuer 10. Februar 1882
Péiteng
Gestuerwen 24. September 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Famill
Kanner Robert Krieps
Stroosseschëld zu Déifferdeng
Säi Graf um Nikloskierfecht.

Den Adolphe Krieps, gebuer den 10. Februar 1882 zu Péiteng a gestuerwen de 24. September 1950 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.[2]

Hien huet sech an der sozialistescher Partei engagéiert a war ee vun den Haaptacteure vum Streik vum 29. Mee 1917.

Hie gouf bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 als Deputéierten an d'Chamber gewielt an huet säi Mandat bis zu de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 behal.

1941 koum hien an d'KZ Hinzert a vun do an d'KZ Dachau.[2]

Hie war de Papp vum Robert Krieps.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Doudesannonce vum Adolphe Krieps am Escher Tageblatt vum 2. Oktober 1950 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-08.
  2. 2,0 2,1 De Portrait vum Adolphe Krieps op der Websäit differdange.lu
  3. Distinctions honorifiques op der Säit 276 vum BULLETIN D'INFORMATION n°12 vum 31. Dezember 1950