Gemeng Péiteng
Péiteng | |
---|---|
![]() | |
![]() Stadhaus vu Péiteng (2015) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Pétange de: Petingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Buergermeeschter | Pierre Mellina (CSV) |
Awunner | 20.563 |
1 Januar 2023 | |
Fläch | 1.193 ha |
Héicht | 279 m |
Koordinaten |
49° 33’ 23’’ N 5° 52’ 37’’ O |
LAU-Code | LU0209 |
Websäit | https://www.petange.lu |
D'Gemeng Péiteng (orange) am Kanton Esch (rout) | |
D'Gemeng Péiteng ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Péiteng vun där se och hiren Numm huet.
D'Gemeng Péiteng ass haut mat hire knapps 12 km² eng vun de flächeméisseg klengste Gemengen am Land. Mat 20.563 Awunner (1 Januar 2023) ass et awer awunnerméisseg déi fënneftgréisst.
Den Auslännerundeel louch 2010 bei 44,66 % [1].
Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Péiteng läit am Dall vun der Kuer an ass ëmgi vun de Gemenge Käerjeng (fréier Nidderkäerjeng) an Déifferdeng lëtzebuergersäits, de Gemenge Longsduerf (fr: Longlaville) an Zounen (fr: Saulnes) op franséischer Säit an Éibeng (fr: Aubange) op der belscher Säit.
Verkéier[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Péiteng läit un de Linne 6 a 7 vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
Un de Stroosseverkéier ass d'Gemeng ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N5, N5B, N5C, N5F, N31, den CR176 an den CR111.
Soss ass d'Gemeng nach un den ëffentleche Persounentransport ugeschloss iwwer d'Buslinnen 1, 3, 13 a 14 vum TICE a verschidde Linne vum RGTR.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
1601 gouf d'Grenz tëscht Loutrengen a Lëtzebuerg festgeluecht: Péiteng huet dunn zu Lëtzebuerg, Rodange a Rolleng zu Loutrengen a Bar gehéiert. Zanter 1795 besteet d'Gemeng Péiteng a senger haiteger Form (Péiteng, Rodange a Rolleng (fr. Lamadelaine). De Bevëlkerungszouwuess am 19. Joerhonnert ass geschitt, wéi op den Héichte ronderëm Péiteng d'Minett exploitéiert ginn ass, wéi d'Rodanger Schmelz entstanen ass, a wéi d'Eisebunn gebaut gouf.
1906 gouf eng Gas-Beliichtung an de Stroosse vun der Gemeng a Betrib geholl.
1912 gouf d'Gemeng un d'interkommunaalt Waassernetz an
1931 un d'elektrescht Stroumnetz ugeschloss.
Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC
Politik[änneren | Quelltext änneren]
De Gemengerot vu Péiteng gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 17 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]
Joer | ADR | CSV | DP | gréng | LSAP | Lénk | Kons. | PPLU |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1999 | 0 | 8 | 1 | - | 6 | - | - | - |
2005 | 0 | 7 | 1 | 1 | 6 | - | - | - |
2011 | 1 | 8 | 1 | 2 | 5 | - | - | - |
2017 | 0 | 8 | 1 | 2 | 4 | 0 | 0 | 2 |
Quell: Inneministère / RTL.lu elections.lu
Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]
|
|
|
Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Péiteng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Wopen[änneren | Quelltext änneren]
De Wope vun der Gemeng Péiteng gouf am Gemengerot den 21. Mee 1976 ugeholl. Den Arrêté ministeriel ass vum 15. November 1976, publizéiert am Mémorial B vun 1976 op Säit 1425.
Offiziell Beschreiwung: "Coupé, en chef d'azur à deux bars adossés d'or, cantonnés de quatre croisettes recroisettées au pied fiché du même; en pointe de gueules au lion d'or; à la fasce bretessée d'argent brochant sur la partition."
Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]
Péiteng ass jumeléiert mat:
- Maribor a
Slowenien
- Schio an
Italien
- Schiffweiler an
Däitschland
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- De Geschichtsfuerscher aus der Gemeng Péiteng: eine Chronik aus der Dreiländerecke Petingen-Rollingen-Rodingen. Jg. 1, Nr. 1 (Jan. 2006), Péiteng: Amis de l'histoire de la commune. 24 cm, all Mount
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Péiteng
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Gare Péiteng
- Rangéiergare Péiteng
- Centre Wax
- Parkierch vu Péiteng
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Péiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Péiteng aktuell, Informatiounsblat vun der Gemeng Péiteng, N° 87 - Mäerz 2010
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX