Joseph Philippart
Ausgesinn
| Joseph Philippart | |
|---|---|
| Gebuer |
19. September 1892 Rodange |
| Gestuerwen |
18. Februar 1962 Rodange |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
| Auszeechnungen | Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne |
|
| |
De Joseph Philippart, gebuer den 19. September 1892 zu Rodange, an do gestuerwen den 18. Februar 1962[1][2], war e lëtzebuergesche Blechschléier a Politiker (LSAP).[3]
Hie war vun 1935 bis 1962 Member vum Gemengerot vun der Gemeng Péiteng a vun 1945 bis 1962 Buergermeeschter vu Péiteng.[4]
Hie gouf de 6. November 1951 als Deputéierte vereedegt, hien ass no der Demissioun vum Mathias Clemens an d'Chamber nogeréckelt.[5] Hie gouf bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954 erëmgewielt an ass bis 1959 Deputéierten an der Chamber bliwwen.
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne [2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.150.
- 1 2 (fr) Doudesannonce vum Joseph Philippart. viewer.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (20. Februar 1962). Gekuckt den 22.04.2023.
- ↑ Joseph Philippart an der Lëscht vun den Deputéierten zanter 1944
- ↑ Säit mat de Gemengeréit, Buergermeeschter a Schäffen aus der Gemeng Péiteng Archivéiert de 14.02.2015. Gekuckt den 28.12.2014.
- ↑ 1. Sëtzung vun der Chamber de 6. November 1951 Vereedegung vum Jospeh Philippart
