Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei
Ofkierzung LSAP
President Dan Biancalana
Francine Closener
Vizepresidenten Tina Koch
Generalsekretär Tom Jungen
Tresorière Christine Schweich
Gegrënnt Januar 1902 als Sozialdemokratesch Partei
Parteizentral 20, rue Louvigny
L-1946 Lëtzebuerg
Jugendorganisatioun Jonk Sozialiste Lëtzebuerg
Ideologien Sozial Demokratie
Proeuropeanismus
Politesch Positioun Mëtt-lénks
Europäesch Affiliatioun Partei vun den Europäesche Sozialisten
International Affiliatiounen Sozialistesch International
Progressive Allianz
Europäesch Parlamentsgrupp S&D
Faarf Rout
Slogan Fir haut a fir muer
Chamber
11/60 Sëtz
Europaparlament
1/6 Sëtz
Websäit
https://www.lsap.lu/

D'Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (kuerz: LSAP) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virum Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Virgängerpartei vun der haiteger LSAP, d'Sozialdemokratesch Partei, ass 1902 gegrënnt ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sozialdemokratesch Partei (1903).

Déi schlecht Aarbechtsbedingunge vun den Aarbechter, Hongersnout an de Präiswucher am Éischte Weltkrich hunn d'Grënnung vum Bierg- an Hütteverbond acceleréiert an 1917 war den éischte grousse Streik vun der Aarbechterbeweegung. D'Allianz mat de Liberalen, (de sougenannte Lénksblock) ass nom Schoulgesetz vun 1912 zerbrach. 1916 ass aus de Sozialdemokraten d'Sozialistesch Partei ginn, déi d'Republik verlaangt an d'allgemengt Walrecht gefuerdert hunn. 1924 huet si sech nees ëmbenannt an ass zur Lëtzebuerger Aarbechterpartei ginn.

D'Sozialistesch Beweegung gouf zur Aarbechter-Partei, déi vu verschiddene Gewerkschaften a Genossenschaften ënnerstëtzt gouf. Bis zum Zweete Weltkrich konnt d'Partei eng sëllege Succèse feieren: permanent ass se gewuess, d'Gewerkschafte goufen unerkannt, Kollektivverträg goufe reglementéiert an d'Maulkuerfgesetz gouf verhënnert.

Onzefridde Membere vun der LSAP hire Virgängerparteien hunn ëm 1904 d'Sozialdemokratesch Aarbechterpartei an 1921 d'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg gegrënnt.

Zanter 1945[änneren | Quelltext änneren]

Bei den éischte Walen nom Krich am Oktober 1945 huet d'Aarbechterpartei missen eng schwéier Nidderlag abéissen. 1947 huet déi an LSAP ëmgedeeft Partei hiren Neesopbau ugefaangen an hir ass de Spronk an d'Regierungskoalitioun gelongen (1951-1959 an der Regierung Dupong-Bodson a Bech-Bodson an 1964-1968 an der Regierung Werner-Cravatte).

D'Diskussiounen iwwer d'Ausriichtung vun der Partei huet d'LSAP op en Neits gespléckt. 1970 hu 6 Deputéierten d'Partei verlooss an de Gros vun der Parteispëtzt ass ausgetrueden an huet déi Sozialdemokratesch Partei (SdP) gegrënnt.

Allerdéngs konnt d'LSAP sech nees 1974 opfänken an huet mat der DP an der Mëtt-Lénks-Koalitioun (Regierung Thorn-Vouel-Berg) wichteg sozial Reformen duerchgesat: Reform vun der Justiz (ë. a. d'Humaniséierung vum Strofvollzuch), d'Aféiere vun enger 5. Woch Congé, d'Verallgemengerung vun der 40-Stonnewoch, d'Aféiere vum Lounindex, Reform vum Chômage asw. Dëst huet awer d'Nidderlag vun 1979 net kënne verhënneren. Wärend dëser Legislatur huet d'LSAP hire berüümten Energiekongress ofgehalen an huet de Moratoire un der Atomzentral vu Remerschen decidéiert. Dëst war den definitiven Aus vum Projet.

1979 ass nees en Neiunfank gemaach ginn deen d'Partei zum grousse Walsuccès vun 1984 gefouert huet.

An der Koalitioun mat der CSV (1984-1989, Regierung Santer-Poos I) ass et gelongen, eng déif Ëmstrukturéierung vun der Stolindustrie ze vollzéien an den RMG gouf agefouert. Dës Koalitioun ass zweemol bis 1999 widderholl ginn: d'Regierunge Santer-Poos II an III an d'Juncker-Poos). An dëser laanger Period goufen d'Pensiounskeesen, d'Krankeversécherung an d'Steiere reforméiert, grad wéi d'Maastricht-Ofkommes ënnerschriwwe gouf.

D'LSAP ass dunn eng Legislatur (1999-2004) an d'Oppositioun geschéckt ginn a konnt sech duerch e liicht bessert Resultat bei de Chamberwalen 2004 nees als déi zweetstäerkst Partei am Land behaapten. Si gouf dunn och 2004 an 2009, Koalitiounspartner vun der CSV an de Regierunge Juncker-Asselborn I an II.

No de virzäitegen Neiwale vum 20. Oktober 2013 huet d'LSAP sech mat der DP an deene Gréngen op eng Koalitioun gëeenegt, déi de 4. Dezember 2013 als Regierung Bettel-Schneider vereedegt gouf. D'Resultat vun de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet et erméiglecht, dës Koalitioun, a Form vun der Regierung Bettel-Schneider-Braz, vum 5. Dezember 2018 u virun ze féieren.

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 krut d'LSAP 11 Sëtz. [1]

Parteipresidenten zanter 1945[änneren | Quelltext änneren]

  1. Michel Rasquin (1945-1951)
  2. Paul Wilwertz (1951-1952)
  3. Albert Bousser (1952-1954)
  4. Émile Ludwig (1954-1955)
  5. Paul Wilwertz (1955-1959)
  6. Henry Cravatte (1959-1970)
  7. Antoine Wehenkel (1970-1974)
  8. Lydie Schmit (1974-1980)
  9. Robert Krieps (1980-1985)
  10. Ben Fayot (1985-1997)
  11. Jean Asselborn (1997-2004)
  12. Alex Bodry (2004-2014)
  13. Claude Haagen (2014-2019)
  14. Franz Fayot (2019-2020)
  15. Yves Cruchten (2020-2022)
  16. Dan Biancalana a Francine Closener (zanter 2022)[2]

Walresultater[änneren | Quelltext änneren]

Europawalen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Stëmmen % Sëtz Rang Deputéiert Grupp
1979 211.106 21,6 1 vu 6 3. Victor Abens PES
1984 296.382 29,9 2 vu 6 2. Victor Abens
Lydie Schmit/Joseph Wohlfart
PES
1989 252.920 25,4 2 vu 6 2. Ben Fayot
Robert Krieps/Marcel Schlechter
PES
1994 251.500 24,8 2 vu 6 2. Ben Fayot
Marcel Schlechter
PES
1999 239.048 23,6 2 vu 6 2. Robert Goebbels
Jacques Poos
PES
2004 239.967 22,1 1 vu 6 2. Robert Goebbels PES
2009 218.532 19,5 1 vu 6 2. Robert Goebbels S&D
2014 137.504 11,8 1 vu 6 4. Mady Delvaux-Stehres S&D
2019 12,2 1 vu 6 4. Nicolas Schmit/Marc Angel S&D

Chamberwalen[änneren | Quelltext änneren]

Joer % Rang Zuel Sëtz Regierungsbedeelegung
1945 23,4 2. 11 vun 51 National Unioun
1948 37,8 1. 15 vun 51 Oppositioun
1951 33,8 2. 17 vun 52 Oppositioun
1954 35,1 2. 17 vun 52 Bech-Bodson
1959 34,9 3. 11 vun 52 Oppositioun
1964 37,7 1. 21 vu 56 Werner-Cravatte
1968 32,3 2. 18 vu 56 Oppositioun
1974 29,2 2. 17 vun 59 Thorn-Vouel-Berg
1979 24,3 2. 14 vun 59 Oppositioun
1984 33,6 2. 21 vu 64 Santer-Poos I
1989 26,2 2. 18 vu 60 Santer-Poos II
1994 25,4 2. 17 vu 60 Santer-Poos III / Juncker-Poos
1999 22,4 3. 13 vu 60 Oppositioun
2004 23,4 2. 14 vu 60 Juncker-Asselborn I
2009 21,6 2. 13 vu 60 Juncker-Asselborn II
2013 20,2 2. 13 vu 60 Bettel-Schneider
2018 17,6 3. 10 vu 60 Bettel-Schneider-Braz
> Bettel-Schneider-Bausch
> Bettel-Kersch-Bausch
> Bettel-Lenert-Bausch
2023 18,9 3. 11 vu 60 Oppositioun


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fayot, Ben: Sozialismus in Luxemburg. Von den Anfängen bis 1940, erausgi vum C.R.E.S. (Centre de recherches et d'études socialistes), 1979, Lëtzebuerg, 484 Säiten
  • Fayot. Ben: Sozialismus in Luxemburg. von 1940 bis zu Beginn der achtziger Jahre, o. J.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. elections.public.lu.
  2. "LSAP-Kongress: Dan Biancalana an d'Francine Closener an déi nei Duebelspëtzt gewielt." rtl.lu, 05.03.2022