Sacha Pulli

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Sacha Pulli
Gebuer 21. November 1990
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Handballspiller, Historiker
Partei LSAP

De Sacha Pulli, gebuer den 21. November 1990 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Historiker an Enseignant[1], souwéi en Handballspiller[2].

De Sacha Pulli huet op der Universitéit Lëtzebuerg Geschicht studéiert an dëse Studium 2017 am Fach Europäesch Zäitgeschicht mat enger Masteraarbecht iwwer de Projet vun enger Atomzentral zu Remerschen ofgeschloss[3]

Sport[änneren | Quelltext änneren]

De Pulli huet seng Spillercarrière 2006 ugefaangen. Hien huet a senger Carrière fir den HB Esch gespillt. Hien ass mam Handball Esch siwemol Champion ginn an huet sechsmol d'Coupe de Luxembourg gewonnen. Hie war am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp (Stand: 2015)[2].

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war de Sacha Pulli Kandidat op der Lëscht vun der LSAP am Süden. Hien ass awer net an d'Chamber gewielt ginn[4].

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Das gescheiterte Jahrhundertprojekt: Die Geschichte der Atomzentrale in Remerschen von 1973-1979. Fondation Lydie Schmit, 2020.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op lsap.lu
  2. 2,0 2,1 http://www.eurohandball.com/ech/men/2018/player/527957/Sacha+Pulli
  3. Forschungsberichte. Hémecht: Zeitschrift für Luxemburger Geschichte 70 (2018), Heft 4.
  4. Patrick Besch, Promis im Wahlkampf op wort.lu de 17. Oktober 2018 an an der Drockversioun vum Wort vum 18. Oktober 2018, Säit 2, ënner dem Titel „Mäßiger Erfolg“