Handball

Vu Wikipedia
Handball
Typ Mannschaftssport, Ballsportaart
Olympesch Sportaart 1936 (Handball zu eelef)
♂ zënter 1972
♀ zënter 1976
Federatioun
International Fédération internationale de handball
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de handball
Ursprong
Erfonnt 1915
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Handball (Ball)
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Dänemark (2023)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Frankräich (2023)


Coupe Finall 2005 (Lëtzebuerg), Kategorie Cadetten

Handball, oder Halenhandball, ass eng vun de Sportaarten mat deem meeschte Kierperkontakt. Déi zwou Ekippe probéiere fir de Ball am Géigner säi Gol ze schéissen.

Den Handball gouf soss um Feld (Feldhandball) gespillt, haut awer haaptsächlech an der Hal. Ëmmer méi beléift ass hautdesdaags de Beachhandball op der Plage. An Amerika gëtt och nach e Cityhandball an der Stad gespillt.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Handball-änlech Spiller gouf et schonn an der Antiquitéit. An der Odyssee vum Homer goufen d'Spiller vun Urania beschriwwen. Bei de Réimer gouf et Harpaston genannt. Béid Spiller hate verschidden Eegenschafte vum Handball. De Walther von der Vogelweide huet och vun engem Fangballspiel geschriwwen.

1906 eréischt huet den dänesche Schoulmeeschter Holger Nielson déi éischt Reegele geschriwwen a Matcher organiséiert. Nom Krich, 1946, gouf d'International Handballfederatioun (kuerz IHF) gegrënnt. 1991 gouf och déi Europäesch Handballfederatioun (kuerz EHF) gegrënnt. A béide Fäll war déi lëtzebuergesch national Federatioun, d'FLH, Grënnungsmember.

Spillfeld[änneren | Quelltext änneren]

Handballfeld

En Handballfeld huet eng rechteckeg Form vu 40 op 20 Meter. Eng Mëttellinn trennt d'Feld an zwou gläichgrouss Hallschenten.

Handballsgol

Op de schmuele Säite stinn d'Goler. Virun all Gol sinn zwéin Hallefkreesser gezeechent. Dee méi klengen huet en Duerchmiesser vu 6 Meter an trennt dem Golkipp säi Raum vum Rescht vum Terrain of. Et ass kengem Feldspiller erlaabt an dee Krees dranzetrëppelen. Deen zweeten Hallefkrees, bekannt als 9-Meter-Linn, ass gestréchelt.

Riicht virum Gol gëtt et och nach d'7 Meter-Linn, déi sou wéi d'11 Meter-Linn beim Foussball, fir Strofwërf ass.

A spezielle Fäll kann den Terrain och méi kleng sinn.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

All Ekipp besteet aus 6 Feldspiller an engem Golkipp. Bis zu 7 Spiller däerfen op der Bänk sëtzen.

D'Längt vun engem Match hänkt vum Alter vun den Ekippen of. D'Häre spillen 2 × 30 Minutten. Méi Jonker spillen 3 × 10 Minutten.

De Ball däerf net mam Fouss a Kontakt sinn. All anere Kierperdeel, de Knéi mat abegraff, däerfen de Ball awer beréieren. Mam Ball am Grapp däerf ee maximal dräi Schrëtt virum Dribbelen an dräi Schrëtt nom Dribbele maachen, soss gëtt et Marché. Bei engem Ballbesëtz däerf nëmmen eng Kéier gedribbelt ginn oder de Arbitter päift duebelen Dribbel (oder einfach Duebelen). Bei Marché oder Duebelen kritt de Géigner de Ball.

Wien net dribbelt, däerf de Ball héchstens dräi Sekonne behalen.

De Golkippsraum däerf vu kengem Feldspiller beréiert ginn. Et ass allerdéngs erlaabt, an dëse Raum eranzesprangen, soulaang een de Ball geschoss huet ier een de Buedem nees beréiert. De Golkipp däerf säi Raum verloossen, zielt awer dann als normale Feldspiller an däerf dowéinst och net mam Ball am Grapp a säin eegene Raum zerécktrëppelen.

Gepaff gëtt vun engem bis zwéin Arbitteren um Feld an engem Offiziellen op der Auerbänk.

Jiddwer Ekipp däerf pro Hallschent eng Kéier en Time-out vun enger Minutt ufroen. Dës Auszäit kann nëmme vum Arbitter geneemegt ginn, wann dës Ekipp am Ballbesëtz ass.

Auswiesselen däerf sou dacks wéi ee wëll gemaach ginn. D'Spill gëtt dobäi net ënnerbrach. D'Auswiessele muss awer an der Géigend vun der Mëttelfeldlinn geschéien an nëmmen op der Säit vun der Bänk.

Gewonnen huet, wie beim Ofpäifen déi meescht Goler geschoss huet.

Strofen a Feeler[änneren | Quelltext änneren]

D'Spiller däerfen hire Géigner blockéieren, och duerch Kierperkontakt, an de Ball ewechhuelen. De Ball däerf awer net aus de Gräpp gerappt ginn, an de Géigner däerf och net festgehale ginn oder gestouss ginn.

Bei Feeler geet de Ball un de Géigner a follgend Strofe kënne gepaff ginn:

  • Fräiworf: do wou de Feeler geschitt ass, op d'mannst awer 9 Meter vum Gol ewech. De Géigner muss op d'mannst 2 Meter vun deem, deen de Fräiworf mécht, ewechstoen. Dësen Typ vu Strof geschitt ganz dacks, zum Beispill well dat nach ëmmer besser ass wéi datt de Géigner op de Gol kéint schéissen.
  • 7-Meter-Schoss: gëtt gepaff wann e Spiller un enger ganz klorer Golchance gehënnert gouf.
  • Giel Kaart (Verwarnung): gëtt gezu fir de Spiller ze warnen, datt en e bëssen ze vill brutal ass.
  • 2 Minutten: gëtt et bei schlëmme Feeler oder bei der zweeter gieler Kaart. Dobäi muss de Spiller zwou Minutten op d'Bänk sëtze goen a seng Ekipp ass wärend där Zäit an der Ënnerzuel.
  • 2+2 Minutten: kënnen et gi wann de Spiller haart géint seng Strof vun 2 Minutte géint den Arbitter streit.
  • Rout Kaart: gëtt et bei der drëtter gieler Kaart oder bei verschidde ganz geféierleche Feeler. No 2 Minutten däerf allerdéngs en anere Spiller (deen, deen d'Rout Kaart krut, däerf an deem Match net méi op d'Feld) nees op d'Feld an d'Mannschaft komplettéieren.
  • Ausschloss: gëtt et wann een aggressiv gëtt an un de Géigner oder de Schidsriichter wëll drugoen. An deem Fall spillt d'Ekipp bis zum Schluss an der Ënnerzuel.

Déi offiziell op der Bänk (Trainer, Kotrainer, Dokter... ) kënnen och verwarnt ginn (wa se ze vill jäizen). Bei der zweeter Verwarnung musse si d'Feld verloossen.

Handball zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et eppes manner wéi zwanzeg Handballclibb déi am nationale Verband federéiert sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de handball.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Handball – Biller, Videoen oder Audiodateien