Ball
Ausgesinn
E Ball ass e Spillgezei a Form vun enger Kugel, dat bannendran huel ass (oder aus liichtem Material ass), a mat deem geworf (mat der Hand oder enger Rackett) oder geschoss gëtt, z. B. mam Fouss.
Et gëtt eng sëllege Sportaarten, wou géigneresch Ekippe probéiere mussen, e Ball op eng bestëmmt Plaz ze manövréieren (e Gol oder e Kuerf) oder awer de Ball sou ze schéissen, datt de Géigner en net kritt.
Zu deenen éischte kann ee Foussball, Handball, Basketball a Waasserball zielen, zu deene Leschtgenannte Volleyball, Tennis, Dëschtennis a Squash.
Jee no Sportaart ass de Ball verschidde grouss a schwéier.
Eng Ausnam vun der Kugelform ass de Rugbyball.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bäll – Biller, Videoen oder Audiodateien |