Tennis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Soccer stub.svg Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wimbledon
Chennai Tennis Open Finale 2005

Tennis ass e Ballspill mat Racketten, bei deem sech zwéi Spiller (Simple-Match) oder zwou Equippe vun zwéi Spiller (Double-Match) vun engem Netz getrennt op engem Terrain géintiwwer stinn. D'Spiller versichen, mat hirer Rackett de Ball iwwer d'Netz an dem Géigner seng Terrainshalschent ze haen, an zwar sou, datt de Géigner en net méi regelgerecht zréckspille kann.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De franséische Virleefer vum Tennis wéi mer en haut kennen, de Jeu de Paume (mat der Handfläch gespillt), gouf a Kléischter, spéider och nach a Ballspillhäiser op engem rechteckege Feld gespillt. D'Spiller hunn de Ball un der Säit ugespillt, andeems si en iwwer d'Netz géint eng Mauer gespillt hunn, déi laanscht den Terrain verlaf ass. D'Zuschauer souze géintiwwer vun der Mauer. Linnen hunn den Terrain a 4 fofzéng Zoll (knapps véierzeg Zentimeter) breet, parallel Sträifen op béiden Netzsäiten agedeelt.

Den englesche Major Walter Clopton Wingfield huet sech 1874 seng Aart vun Tennis, dem "Sphairistike" (griichesch fir Ballspill), patentéiere gelooss. Den Tennis vun haut ass, mat verschiddene Regelännerungen, 1877 bei den éischte Meeschterschaften zu Wimbledon (London) entstanen.

Ufanks der 1930er Jore gouf dunn de Profitennis agefouert. Doduerch konnten net méi all d'Tennisspiller un den Tournoien deelhuelen. Dat gouf allerdéngs 1968 geännert, andeems oppen Tournoien agefouert goufen. Zu där Zäit sinn dunn och déi héichdotéiert Tennis-Tournoien wéi d'US Open an d'French Open entstanen.

Den Numm "Tennis" geet op de Begrëff "tenes" zréck, mat deem e Ballspill dat bal d'selwecht war bezeechent gouf. Anerersäits léisst sech den Urspronk vum Wuert och duerch den Imperativ Plural vum franséische Verb tenir, also "Tenez!" erklären. Dat war wahrscheinlech ursprénglech dozou geduecht, dem géigneresche Spiller matzedeelen, datt de Spiller mam Opschlag sech op de Schlag virbereet.

Punktesystem a Regelen[änneren | Quelltext änneren]

Zil vum Spill[änneren | Quelltext änneren]

D'Zil beim Tennis ass et, déi erfuerderlech Zuel vu Sätz ze gewannen. Dat erreecht een, andeems een de Ball sou an den Terrain vum Géigner schéisst, datt deen entweder net méi un de Ball erukënnt oder en net méi richteg zréckspille kann. De Ball, deen nëmmen eemol däerf optappen ier een e schléit, muss dann awer och am géigneresche Feld, zu deem och d'Linne selwer gehéieren, optappen. De Ballwiessel fänkt mam Opschlag, deen an e speziellt, méi klengt, Opschlagfeld gespillt gi muss, un. Lant de Ball am Netz oder nieft dem Opschlagfeld, däerf de Spiller et eng zweet Kéier versichen. Mécht hien dann erëm e Feeler, geet de Punkt un de Géigner. Dat nennt een dann een Duebelfeeler. Wann de Ball beim Opschlag d'Netz beréiert an dann awer nach am Opschlagfeld opkënnt, muss e widderholl ginn.

Wéi gezielt gëtt[änneren | Quelltext änneren]

D'komplett Spill (Match) gëtt am Tennis a Sätz ënnerdeelt, déi dann erëm an eng gewëssen Zuel vu Spiller (aus dem engleschen Games) agedeelt ass. Ee Saz ass da gewonnen, wann de Spiller 6 oder 7 Spiller gewonnen huet, woubäi een tëscht verschidden Zeenarie muss ënnerscheeden:

  • Sechs Spiller ginn duer fir ee Saz ze gewannen, wann de Géigner net méi wéi véier Sazspiller gewonnen huet.
  • Wann et 6:5 am Sazspill steet, an dee Spiller dee vir läit och dat nächst Sazspill gewënnt, entscheet hien de Saz mat 7:5 fir sech.
  • Steet et 6:6, kënnt et zum Tie-Break, deen dann de Saz entscheet. Dee Spiller den Tiebreak gewënnt, gewënnt dann och de Saz mat 7:6.
  • Bei Grand-Slam-Tournoien (ausser den US-Open) an dem Davis Cup kënnt et zu enger besonnescher Regelung: Am entscheedende Saz (5. bei den Hären an 3. bei den Dammen) gëtt keen Tie-Break gespillt, mä et muss en Ënnerscheed vun zwee Spiller bestoen (z. B. 8:6). Virun der Aféierung vum Tie-Break gouf déi Method an all Saz benotzt.

An engem normale Spill huet ëmmer ee vun de Spiller Opschlagrecht. Punkten an de Spiller sinn déi folgend: 0, 15, 30, 40. Wann e Spiller mat 40 Punkten deen nächste Punkt mécht, gewënnt hien d'Spill. Bei 40:40 gëtt et eng Ausnam. Dëse Spillstand, och nach Deuce genannt, féiert dozou, datt sou laang weidergespillt gëtt, bis datt ee Spiller e Virspronk vun op d'mannst zwéi Punkten huet. Gewënnt ee Spiller den éischte Punkt nom Gläichstand, dann huet en de Virdeel ("Avantage"). Verléiert hien dann de folgende Punkt, kënnt et erëm zum Gläichstand.

Geschicht vun der Zielweis[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer d'Geschicht vun der Zielweis gëtt et zwou Versiounen.

Déi bekanntst Zielweis ass déi aus dem 14. Joerhonnert, déi op Spillwette mat Suen a Frankräich zréckgeet. So huet een zum Beispill e groussen Denier gesat, also 15 Denieren. An engem Saz, deen deemools dacks 4 Spiller gedauert huet, huet een also véiermol 15 Deniere gesat. Wahrscheinlech gouf "45" am 16. Joerhonnert aus Kamouditéit a "40" ëmgeännert.

Den alfranséische Sol (spéider Sou) huet als Mënzeenheet gedéngt. De Sol war am Mëttelalter eng Rechnungseenheet fir 12 Pfenneg (am alfranséischen Denier). Am 14. Joerhonnert gouf déi Mënz mat engem Wäert vu 15 Deniere produzéiert.

Déi zweet Versioun bezitt sech op d'Linne vum Terrain. All Kéier wann e Spiller beim Jeu de Paume ee Punkt gemaach huet, konnt hien eng Sträif méi no un d'Mëtt vum Terrain réckelen. D'Spill huet un der 0 Zoll-Linn ugefaangen. Huet e Spiller ee Punkt gewonnen, huet e sech bei d'15 Zoll-Linn viru beweegt, dunn zur 30 Zoll-Linn an dann zur 45 Zoll-Linn. Dunn eréischt huet hien d'Spill gewonnen. Well d'45 Zoll-Linn awer ze no um Netz war, gouf se ëm 5 Zoll gekierzt, also op 40 Zoll.

"0" gëtt am Tennis mam englesche Wuert "Love" gezielt. Den Urspronk vun dësem Wuert besteet wahrscheinlech an der Riedensaart "to do something for love", also eppes fir näischt maachen. E Spill an deem de Géigner kee Punkt gemaach huet, gëtt dohier dacks Love Game genannt. Aner Quelle ginn un, datt d'Wuert "Love" vum franséische Wuert "l'oeuf" kënnt, dat representativ fir d'0 op der Punktentafel war.

Bei engem Tennismatch ass keng Zäit festgesat.

Regelännerungen[änneren | Quelltext änneren]

Schléi[änneren | Quelltext änneren]

Grondschléi[änneren | Quelltext änneren]

Virhand[änneren | Quelltext änneren]

Réckhand[änneren | Quelltext änneren]

Opschlag[änneren | Quelltext änneren]

Aner Schléi[änneren | Quelltext änneren]

Return[änneren | Quelltext änneren]

Smash[änneren | Quelltext änneren]

Passéierschlag[änneren | Quelltext änneren]

Lob[änneren | Quelltext änneren]

Stoppball[änneren | Quelltext änneren]

Volley[änneren | Quelltext änneren]

Schlagvariatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Topspin[änneren | Quelltext änneren]

Slice[änneren | Quelltext änneren]

Cross[änneren | Quelltext änneren]

Longline[änneren | Quelltext änneren]

Ass[änneren | Quelltext änneren]

Terrain[änneren | Quelltext änneren]

Tennis court2.png

Spillstrategien[änneren | Quelltext änneren]

Serve & Volley[änneren | Quelltext änneren]

Grondlinnespill[änneren | Quelltext änneren]

Chip & Charge[änneren | Quelltext änneren]

Turnoien[änneren | Quelltext änneren]

Grand-Slam-Tournoien[änneren | Quelltext änneren]

Equippentournoien[änneren | Quelltext änneren]

Profitour[änneren | Quelltext änneren]

Tennis zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tennis – Biller, Videoen oder Audiodateien