Gol

Vu Wikipedia
Foussballsgol mat Golkipp

E Gol (vum engl. goal) ass bei verschiddenen Ekippesportaarten, déi mat engem Ball gespillt ginn, eng Zort Rumm, déi op zwou Säite vum Spillterrain, déi sech géintiwwer leien, festgemaach ass. Dacks ass en Netz hannendrun. Zil vun deene Sportaarten ass et, de Ball (beim Äishockey de Puck) an de géigneresche Gol ze schéissen an ze verhënneren, datt déi aner Ekipp dat beim eegene Gol mécht.

Ee Member vun der Ekipp ass de Golkipp (vum Englesche goal keeper - "Wiechter vum Gol"), fir dee besonnesch Reegele gëllen, an deem seng Roll et ass, sech speziell dofir anzesetzen, ze verhënneren, datt de Ball an de Gol geet.

"Gol" nennt een duerch Analogie och dee Punkt, deen eng Ekipp kritt, wann de Ball an de Gol geet, an och de Fait, de Ball an de Gol ze schéissen (vgl. "D'Ekipp Y läit zwéi Goler hannen" - "Den X. huet e Gol geschoss").

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Goler – Biller, Videoen oder Audiodateien