Puck (Sport)

Vu Wikipedia
2 Standard-Pucken

E Puck ass e klengen Disk aus haardem Gummi, dee beim Äishockey an an aneren Hockey-Varainten als Spillgeschier zum Asaz kënnt.

En ass genee 1 Zoll (2,54 cm) héich an huet en Durchmiesser vun 3 Zoll (7,62 cm). D'Gewiicht däerf tëscht 5,5 a 6 Onzen (ca. 156 an 170 Gramm) variéieren.

De Puck gouf 1877 vum William Fleet Robertson erfonnt, deen einfach zwou Tranchë vun engem Vollgummisball uewen an ënnen ewechgeschnidden hat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Puck – Biller, Videoen oder Audiodateien