Hockey

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat der Sportaart déi um Wues gespillt gëtt: Hockey. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Hockey (Homonymie).
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hockey
Typ Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart ♂ 1908, 1920, zënter 1928
♀ zënter 1980
Federatioun
International Fédération internationale de Hockey
Lëtzebuerg Hockey Federation Luxembourg
Ursprong
Ursprongsland England
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Hockeyschléier, Hockeyball
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Däitschland (2023)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Holland (2022)


Den Hockey-Olympiastadion zu Berlin (2012)

Hockey oder Feldhockey ass eng Ekippesportaart bei där zwou Mannschafte géinteneen untrieden. All Ekipp besteet aus eelef Spiller déi mat engem Hockeyschléier probéieren ze gewannen, andeems se méi Goler schéisse wéi déi aner.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Hockey gëtt schonn zënter Dausende vu Joren a verschiddene Forme gespillt - an Egypten (viru 4000 Joer), Ethiopien (1000 v. Chr.) an am Iran (2000 v. Chr.). D'Réimer an d'Griichen, souwéi d'Azteken, hunn och eng Versioun vum Hockey gespillt, awer dat modernt Spill ass an der Mëtt vum 19. Joerhonnert an England entstanen.

1876 gouf an England déi éischt Hockeysfederatioun gegrënnt, déi déi éischt offiziell Reegelen opgestallt huet. D'Federatioun bestoung awer just sechs Joer, ass awer e Joerzéngt méi spéit vun néng Grënnungsveräiner nees an d'Liewe geruff ginn.

Spillfeld[änneren | Quelltext änneren]

Den Hockeysterrain besteet aus natierlechem oder kënschtlechem Wues an ass 91,4 m laang a 55 m breet. Op de schmuele Säite steet allkéiers e Gol deen 3,66 m breet an 2,14 m héich ass. Ronderëm de Gol ass eng D-änlech Fläch a just aus där eraus kann e Gol geschoss ginn.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

En Hockeysmatch dauert 60 Minutten a besteet aus véier Deeler vun allkéiers 15 Minutten. All Ekipp besteet aus engem Golkipp an zéng Feldspiller; se kënnen zu all Moment a sou dacks wéi néideg ausgetosch ginn.

D'Spiller probéieren den Hockeysball mat engem Schléier ((en) stick, (fr) crosse) an de Gol ze schéissen.

Hockey an d'Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

De Männerhockey war fir d'éischt op den Olympesche Spiller 1908 zu London derbäi. Nieft Däitschland a Frankräich hunn England, Irland, Schottland a Wales, déi getrennt ugetruede sinn, un de Spiller deelgeholl.

Fir Olympia 1912 zu Stockholm war den Hockey aus dem Programm gestrach ginn, 1920 zu Antwerpe war en nees derbäi fir bei der nächster Editioun (1924 zu Paräis) erëm aus dem Programm geholl ze ginn.

Nodeem de Paul Léautey 1920 déi franséisch Hockeysfederatioun gegrënnt hat, war hie véier Joer méi spéit Matgrënner vum Hockey-Weltverband, der Fédération internationale de Hockey (FIH). Déi huet dofir gesuergt, datt den Hockey 1928 zu Amsterdam nees bei de Spiller derbäi war an och bis haut eng Olympesch Sportaart bliwwen ass.

Den Dammenhockey op den Olympesche Spiller gëtt et zënter der Editioun 1980 zu Moskau.

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

D'Hockeyturnéier bei den Olympesche Summerspiller 2024 ginn am renovéierte Stade départemental Yves-du-Manoir zu Colombes (Hauts-de-Seine) gespillt, e Stadion an deem schonn d'Spiller vun 1924 ofgehale goufen.

Véieranzwanzeg Ekippen (allkéiers zwielef bei den Hären an den Dammen) sinn zougelooss. D'Kompetitioune bestinn aus zwou Phasen: enger Virronn, an enger k.o.-Ronn mat Véierelsfinall, Halleffinall, Spill ëm déi drëtt Plaz an der Finall.

Hockey zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et een Hockeyclub deen am nationale Verband federéiert ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hockey Federation Luxembourg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hockey – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]