Op den Inhalt sprangen

Match (Supermarché)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Match)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Supermarchéschaîne Match. Fir d'sportlech Ausernanersetzung, kuckt wgl. Match (Spill).
Dësen Artikel iwwer eng Entreprise ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Match
Sëtz Fleurus
Besëtzer Grupp Louis Delhaize
Branche Eenzelhandel
Homepage https://www.supermarchesmatch.fr/

Match ass den Numm vun enger franséisch-belscher Supermarchés-Chaîne, déi zum Grupp Louis Delhaize gehéiert, an a Frankräich (besonnesch am Norden an am Osten), an der Belsch Filialen huet.[1] Tëscht 1974 an 2023 war d'Ketten och zu Lëtzebuerg present.

De Grupp geet zeréck op de Georges an de René Delhaize (vun der belscher Supermarchés-Famill), déi 1908 a Frankräich 3 Gesellschafte gegrënnt hunn: Docks du Nord (Lille), Sanal (Nanzeg), a Sadal (Stroossbuerg). 1934 hu se d'Marque Match gegrënnt. 1960 gouf deen éischte Supermarché am Departement Nord opgemaach. Den éischte Match zu Lëtzebuerg gouf 1974 am Akafszentrum City Concorde ageweit.[2]

1990 goufen d'Enseignen am Elsass, Loutrengen an am Norden ënner dem Numm "Match" vereenegt.

2023 huet d'Grupp Louis Delhaize d'Supermarchéë Cora, Match a Smatch zu Lëtzebuerg un d'Firma E.Leclerc verkaaft.[3] D'Aarbechtskontrakter goufen all iwwerholl.[3] Zum Schluss gouf et zwielef Match-Filialen.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Implantatioun vu Match op supermarche-match.be
  2. paperjam.lu: Commerce : Belle de Match à Capellen vum Alain Ducat (24. Mäerz 2006)
  3. 3,0 3,1 "Reprise vu Butteker: E.Leclerc iwwerhëlt 27 Supermarchéen zu Lëtzebuerg." rtl.lu, 20.07.2023.
  4. virgule.lu: Après Cora, Match entame à son tour la bascule vers Leclerc vum Christophe Lemaire (23. Mäerz 2024)