Supermarché

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E Supermarché zu Portland, Oregon, USA.

E Supermarché ass en Eenzelhandels-Etablissement, an deem virun allem Liewensmëttel an Artikele fir den deegleche Gebrauch am Self-service verkaaft ginn. Zu Lëtzebuerg (wéi och a Frankräich, der Belsch, Italien, Spuenien an Dänemark) ass d'Fläch vun engem Supermarché tëscht 400 a 4000 m² definéiert. Drënner schwätzt ee vun enger Superette, driwwer vun engem Hypermarché.

D'Konzept vum Supermarché kënnt aus den USA. An Europa huet als éischte Supermarché de Migros zu Basel 1948 seng Dieren opgemaach. An Däitschland war dat ee Joer drop een zu Osnabrück (deen awer kee Succès hat a geschwënn nees zougemaach huet), an der Belsch 1957 en Delhaize op der Place Flagey zu Ixelles (Bréissel), an a Frankräich 1958 den Express Marché zu Rueil-Malmaison. Deen éischte Supermarché zu Lëtzebuerg war 1967 de Cactus zu Bäreldeng.

Déi meescht Supermarchéë sinn Deel vun enger Chaîne, déi méi där Supermarchéen ënner der selwechter Enseigne besëtzt oder steiert (z. B. am Kader vun engem Franchising-Kontrakt) oder vun engem Gruppement.

Grouss Supermarchéen hu bis zu 40.000 verschiddene Produkter, bei Discounter sinn dat der gewéinlech eng 1.000.

D'Produkter sinn no raffinéierte Systemer am Geschäft wéi och an den eenzele Regaler placéiert, fir e méiglechst héijen Ëmsaz z'erreechen.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de Supermarchéë vun iwwer 400 m2 vun 42 am Joer 1996 op 106 am Joer 2016 eropgaangen.[1]

Enseigne 1996 2016
Aldi 5 14
Alima 3 3
Auchan 0 1
Cactus 13 21
Colruyt 0 3
Cora 0 2
Delhaize 3 21
Lidl 0 9
Massen 1 1
Match, Smatch 14 25
Monoprix 0 1
Pall Center 3 4
Primavera 0 1
Total 42 106

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Supermarchéen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Plus de 100 supermarchés au Luxembourg." wort.lu, 21. Oktober 2016, 06:02.