Grupp Louis Delhaize

Vu Wikipedia
Grupp Louis Delhaize
Typ Aktiegesellschaft
Sëtz Belsch, Charleroi[1]
Leedung (President & CEO)
Mataarbechter 43.800[2]
Ëmsaz 11 Milliarden EUR
Produit Liewensmëtteleenzelhandel
Grousshandel
Homepage louisdelhaize.be

De Grupp Louis Delhaize (franséisch: Groupe Louis Delhaize, englesch Louis Delhaize Group) ass eng belsch Entreprise, déi eng Rei Supermarchéë mat iwwer 1.400 Butteker a sechs Länner, dorënner Lëtzebuerg, bedreift.[2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Entreprise gouf an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert vum Belsch Louis Delhaize gegrënnt. Ufank vum 20. Joerhonnert sinn déi éischt Butteker an Nord-, duerno an Ostfrankräich opgemaach ginn. Zanter den 1980er Joren ass de Grupp och zu Lëtzebuerg present.[1]

Zum Grupp gehéieren ënner anerem Cora, Match a Smatch, Discounts, Dod, Delitraiteur, Louis Delhaize, Jardineries Truffaut an Animalis.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier zur selwechter Zäit wéi de Louis Delhaize seng Entreprise gegrënnt huet, hu seng zwéi Bridder, de Jules an den Edouard Delhaize, hir eegen Entreprise (Grupp Delhaize) gegrënnt, déi och Supermarchéë bedreift.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 cora.be: L'historique - Une tradition du service (gekuckt den 9. Januar 2013)
  2. 2,0 2,1 louisdelhaize.be: Le groupe Louis Delhaize (gekuckt den 9. Januar 2013)