Auchan

Vu Wikipedia
Auchan
Typ Aktiegesellschaft (S.A.)
Grënnungsdatum 1961
Sëtz Croix, Frankräich
Mataarbechter 351.282 (2017)
Ëmsaz 52 Milliarden Europ (2017)
Branche Grouss Distributioun (Supermarché)
Homepage www.auchan-retail.com

Auchan ass eng franséisch Supermarchéschaîne, déi 1961 gegrënnt ginn ass. Si ass weltwäit aktiv, dorënner och zu Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Supermarché Auchan ass 1961 vum Gérard Mulliez zu Roubaix am Norde vu Frankräich opgemaach ginn. Dat war an enger eideler Fabrickshal mat enger Fläch vu 600 Quadratmeter. Den Numm "Auchan" ass déi vereinfacht Versioun vun "Hauts Champs", dem Quartier zu Roubaix wou e stoung.[1]

Lues a lues si weider Auchan-Supermarchéen an Nordfrankräich a spéider am ganze Land opgaangen. 1977 ass aus der Entreprise eng Aktiegesellschaft ginn an 1981 ass den éischte Supermarché "Alcampo" a Spuenien opgaangen. 1989 ass Auchan och an Italien expandéiert.

An den 1990er sinn ënner anerem Butteker a Polen, Argentinien, Ungarn a China gegrënnt ginn. Mam Akafszentrum um Stater Kierchbierg ass 1996 och den éischten Auchan zu Lëtzebuerg opgaangen. Déi Expansioun ass am neie Joerdausend och an anere Länner an Europa, Asien an Afrika weidergaangen, dorënner a Russland an dem Senegal.

Am Oktober 2017 ass mam Shoppingzenter Opkorn zu Déifferdeng den zweeten Auchan zu Lëtzebuerg opgaangen.[2] Mëtt 2019 soll en drëtte groussen Auchan-Hypermarché mat enger Fläch vun 12.500 Quadratmeter um Gaasperecher Bann opgoen.[3]

2017 hat d'Grupp Auchan 351.282 Mataarbechter an en Ëmsaz vun 52 Milliarden Euro viru Steieren. A 17 Länner gouf et 3.778 Butteker.[4]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. lefigaro.fr: Pourquoi Auchan s'appelle Auchan (10. August 2009)
  2. lessentiel.lu: Differdinger Opkorn öffnet am Donnerstag (24. Oktober 2017)
  3. paperjam.lu: Le Ban de Gasperich relié au reste de la capitale (28. August 2017)
  4. auchan-retail.com: Parcourir nos chiffres clés 2017 (gekuckt de 5. Juni 2018)