Société anonyme
| Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Société anonyme (kuerz SA) oder Aktiegesellschaft, ass eng Rechtsform fir Handelsgesellschafte mat engem limitéiertem Risiko, déi a Länner mat enger zivilrechtlecher Traditioun verbreet ass.
D'SA ass gëeegent fir Entreprisen, déi Kapital vun enger Rei vun Investisseure mussen zesummekréien, déi nëmme Verloschter bis zum Betrag vun hirer Investitioun droe kënnen. Hiert Grondkapital ass a Form vu fräi iwwerdrobaren Aktien opgedeelt, déi op enger Bourse notéiert kënne ginn. D'Reglementatioun iwwer d'Aktiegesellschaften ass gemenkerhand méi restriktiv a méi detailléiert wéi déi fir aner Gesellschaftsformen.
Zu Lëtzebuerg sinn d'Bestëmmungen iwwer d'Aktiegesellschaften am Gesetz vum 10. August 1915[1] festgeluecht; dëst Gesetz gouf 2016 an enge sëllege Punkte reforméiert, déi méi Flexibilitéit erlaben, de Minoritéitsaktionäre méi Rechter ginn a verschidde Praktiken e gesetzleche Kader ginn[2].
Op den 31. Dezember 2024 waren 30.699 Aktiegesellschaften zu Lëtzebuerg enregistréiert[3].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Société anonyme (Lëtzebuerg).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Société anonyme – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 10 août 1915 concernant les sociétés commerciales op legilux.lu, gekuckt den 22. November 2019
- ↑ Loi du 10 août 2016 portant modernisation de la loi modifiée du 10 août 1915 concernant les sociétés commerciales et modification du Code civil et de la loi modifiée du 19 décembre 2002 concernant le registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises op legilux.lu, gekuckt den 22. November 2019
- ↑ (fr) Nombre total d'entités immatriculées au RCS. www.lbr.lu (31/12/2024). Gekuckt den 01.11.2025.