Entreprise

Vu Wikipedia

Als Entreprise gëtt allgemeng e Projet bezeechent, dee vun enger Persoun duerchzeféieren ass.

Am méi enke Sënn ass eng Entreprise eng Unitéit, déi, onofhängeg vun hirer legaler Form, eng wirtschaftlech oder gemengnëtzeg Aktivitéit ausüübt. Als Entreprise gëlle besonnesch handwierklech, fräiberufflech, oder handelsrechtlech Eepersounebetriber oder Familljebetriber, mä och Persounen- a Kapitalgesellschaften, déi reegelméisseg kommerziellen Aktivitéiten noginn.

D'Gréisst oder d'Zil vun enger Entreprise si fir d'Definitioun vun enger Entreprise irrelevant. Eng Entreprise grenzt sech am enke Sënn vun engem Projet grondsätzlech doduerch of, datt se keen definéierten Endzäitpunkt huet, keen eemolegen, mä e stännege Projet ass, an d'Ressourcen normalerweis net vun Ufank u begrenzt sinn. Op där anerer Säit kënne Projeten awer Bestanddeeler vun enger Entreprise sinn.