Op den Inhalt sprangen

Feldhandball

Vu Wikipedia

Feldhandball, ass de populäre Virgänger vum haitegen Halenhandball. Hautdesdaags gëtt dës Form awer héchstens nach op Turnéiere gespillt.

Am Ënnerscheed zur haiteger Form, spille jeeweils 13 (1 Golkipp an 2 Auswiesselspiller) Leit géinteneen. D'Spillfeld selwer huet d'Gréisst vun engem Foussballsterrain. De Golkippsraum huet en Duerchmiesser vun 13 Meter. Well et normalerweis net méiglech ass op der Wiss ze dribbelen, gëtt de Ball just duerch Päss weidergespillt, oder eventuell e puer Schrëtt.

Dës Form vu Sportaart war 1936 op Wonsch vum Hitler eng olympesch Disziplin.