Déi Konservativ
Déi Konservativ - d'Fräiheetspartei | |
---|---|
![]() | |
Nationalpresident | Joe Thein |
Vizepresidenten |
Sandra Schwachtgen |
Generalsekretärin | Pierrette Heintz |
Generalkeessjee | Patrick Thein |
Gegrënnt | 21. Mäerz 2017 |
Parteizentral |
3, op de Gehren L-4888 Rolleng |
Jugendorganisatioun | Jonk Konservativ |
Ideologien |
Konservatismus Nationale Konservatismus Ekonomesche Liberalismus Soft-Euroskeptizismus |
Politesch Positioun | Mëtt-Riets bis Riets |
Faarwen | Hellblo a Schwaarz |
Websäit | |
http://www.déikonservativ.lu/ | |

Déi Konservativ - d'Fräiheetspartei oder och Déi Konservativ ass eng lëtzebuergesch politesch Partei, déi den 21. Mäerz 2017 an der Gemeng Péiteng gegrënnt gouf.[1]
De Grënnungsstatute vun der A.s.b.l. no versti sech déi Konservativ als Partei op konservativer a patriotescher Basis.[1][2] Dem Grondsazprogramm no gesäit sech d'Partei verbonne mat der politescher Philosophie vum Staatsphilosoph a Politiker Edmund Burke.[3]
President ass de fréieren ADR-Politiker Joe Thein, deen nom Ausschloss aus der ADR, seng eege Partei an d'Liewe geruff huet.[1]
Um extraordinären Nationalkongress vum 10. Abrëll 2017, goufen d'Parteistatuten an de Grondsazprogramm ugeholl, souwéi de Parteikommitee gewielt. Dobäi gouf de Joe Thein als Nationalpresident gewielt.[4] Hie gouf um Nationalkongress vum 7. Januar 2018 mat alle Stëmmen als President erëmgewielt.[2]
Bei de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 huet d'Partei eng éischt Kéier an nëmmen an der Gemeng Péiteng kandidéiert, krut awer, mat 2,40 %, kee Sëtz.[5],[6]
Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet d'Partei eng éischt Kéier an nëmmen am Bezierk Süde kandidéiert, krut awer, mat 0,52 %, kee Sëtz.[7]
Bei den Europawale vum 26. Mee 2019 huet d'Partei fir d'éischt landeswäit kandidéiert, krut awer, mat 0,53 % kee Sëtz.[8]
Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 krut d'Partei zu Péiteng, wou se kandidéiert huet, 1,81% vun de Stëmmen, net genuch fir e Sëtz an zu Déifferdeng 1,96%, och net genuch fir e Sëtz.[9]
D'Partei huet eng 100 Memberen (Stand: 7.01.2018).[2]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 "No ADR-Ausschloss: Joe Thein grënnt nei Partei 'Déi Konservativ'." rtl.lu, 21.03.2017, 17:41:12.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 "Konservativ wëlle bei Chamber- an Europawahlen untrieden." rtl.lu, 07.01.2018.
- ↑ http://déikonservativ.lu/index.php/2017/03/24/grondsatzprogramm/
- ↑ " 'Mir sinn déi nei ADR, déi besser ADR'." rtl.lu, 12.04.2017.
- ↑ http://www.rtl.lu/letzebuerg/wahlen/resultater/#/commune/petange
- ↑ http://www.elections.public.lu/fr/elections-communales/2017/resultats/communes/petange.html
- ↑ https://elections.public.lu/fr/elections-legislatives/2018/resultats/circonscriptions/sud.html
- ↑ https://elections.public.lu/fr/elections-europeennes/2019/resultats.html
- ↑ elections.public.lu