Parti socialiste indépendant

Vu Wikipedia

Parti socialiste indépendant (PSI), oder och Socialistes indépendants, war eng Partei, déi Enn vun den 1970er Jore vum Jean Gremling gegrënnt gouf. Hie war och de President vun där Partei. Virdru war hie Member an Deputéierte vun der LSAP.

Bei de Chamberwale vum 10. Juni 1979 krut d'Lëscht "Jean Gremling - Socialistes Indépendants" ee Sëtz am Walbezierk Zentrum. De Gremling war vun 1979 bis 1984 PSI-Deputéierten an der Chamber.

Bei de Wale vum 17. Juni 1984 huet d'PSI an alle 4 Walbezierker kandidéiert, krut awer a kengem e Sëtz.