Liberal Partei (1974)

Vu Wikipedia

D'Liberal Partei war eng politesch Partei zu Lëtzebuerg, déi vum Jean-Pierre Bertrand gegrënnt gi war.

De Bertrand war virdu Member vun der DP, mee ass wéinst Meenungsdifferenzen do ausgetrueden an huet seng eege Partei gegrënnt. Mat hir huet en, am Bezierk Zentrum, bei de Chamberwale vun 1974 an deene vun 1979 kandidéiert; d'Liberal Partei krut awer kee Sëtz an der Chamber.

Fir d'Chamberwalen 1989 ass de Jemp Bertrand mat enger neier Partei, der Republikanescher Partei, opgetrueden.