Chamberwale vum 18. Juni 1989

Vu Wikipedia

Bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 zu Lëtzebuerg goufe 60 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt. D'Zuel vun den Deputéierte war dat Joer virdru vu 64 op 60 erofgesat ginn. 16 Lëschten hu fir déi Sëtz kandidéiert.

D'Regierungsparteie bis dohin, d'CSV an d'LSAP, hunn allen zwou 3 Sëtz verluer, grad wéi déi gréisst Oppositiounspartei, d'DP. Och d'KPL huet missen ee Sëtz abéissen. Gewonnen hunn dofir deen nei gerënnten Aktiounskomitee 5/6, dee gläich 4 Sëtz krut, an déi Gréng, déi zesummen och 4 Sëtz kruten, obwuel se sech virdrun an zwou Parteien, d'Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ (GLEI) an d'Gréng Alternativ Partei (GAP) opgespléckt haten.

Zwou weider ekologesch Parteien, d'Gréng Alternativ Allianz (GRAL) an d'Ekologisten fir den Norden, kruten dogéint kee Sëtz, grad esou wéineg wéi déi rietsextrem National-Bewegong, an aner Formatioune wéi Firwat net, Republikanesch Partei, Lëscht fir den Éislécker an eng regional Politik (LERP), RSP - Géint Rassismus a Faschismus, d'Biergerpartei oder d'Lëscht fir de moderéierte Lëtzebuerger - Krëschtlech Volléksdemokraten.

Als Folleg vun de Wale vum 18. Juni koum et séier zu der Formatioun vun enger neier CSV-LSAP-Regierung, der Regierung Santer-Poos II, déi schonn de 14. Juli 1989 vereedegt gouf.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Resultater vun de Chamberwale vum 18. Juni 1989
Partei Sëtz Ënnerscheed zu virdrun[1]
  Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei 22 -3
  Demokratesch Partei 11 -3
  Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei 18 -3
  Aktiounscomité 5/6 Pensioun fir jiddwereen 4 +4
  Kommunistesch Partei Lëtzebuerg 1 -1
  Gréng Alternativ Partei 2 0
  Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ 2 +2
  Aner[2] 0 -

Gewielt Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

Alphabetesch Lëscht vun der Zesummesetzung vun der Chamber no de Wale vum 18. Juni 1989, inklusiv deenen Deputéierten, déi op hiert Mandat verzicht hunn a vun deenejéinegen, déi se ersat hunn (déi nogeréckelt sinn). Fir déi, déi bei de Wale vum 18. Juni 1989 an d'Chamber gewielt goufen, steet als Ufank vum Mandat 1989 an der Lëscht.

Zesummesetzung vun der Chamber no de Chamberwale vum 18. Juni 1989[3],[4]
Zuel Numm Partei Bezierk gewielt Stëmmen Mandat vun Mandat bis Bemierkung
1 Hary Ackermann LSAP Zentrum nogeréckelt 10 109 1989 nogeréckelt fir de Robert Krieps
1 Robert Angel LSAP Zentrum nogeréckelt 9 553 1989 nogeréckelt fir de Ben Fayot
1 Jean Asselborn LSAP Süden direkt 24 546 1989
Emile Back KPL Süden nogeréckelt 4.648 19.04.1944 nogeréckelt fir den André Hoffmann
1 Josy Barthel DP Süden direkt 12 234 1989 14.07.1992 no sengem Doud, de 14. Juli 1992, duerch de John Schummer ersat
1 François Bausch GAP Zentrum nogeréckelt 2 838 1989 13.10.1992
1 André Biver LSAP Norden nogeréckelt 5 798 1989 nogeréckelt fir de Georges Wohlfahrt
Thers Bodé GAP Zentrum direkt 3 749 --- --- ass den 3. Juli 1989 gestuerwen, ier se hiert Mandat untriede konnt
Fernand Boden CSV Osten direkt 9 817 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
Alex Bodry LSAP Süden direkt 28 501 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Léon Bollendorff CSV Zentrum nogeréckelt 16831 1989 nogeréckelt fir de Jacques Santer
1 Willy Bourg CSV Zentrum direkt 18 856 1989
1 Anne Brasseur DP Zentrum direkt 16 835 1989
1 Joseph Brebsom LSAP Süden direkt 23 882 1989
1 Emile Calmes DP Norden direkt 7 752 1989
1 Nick Clesen GLEI Süden nogeréckelt 4 086 1989 nogeréckelt fir de Jim Meisch
1 François Colling CSV Süden direkt 27 011 1989
Mady Delvaux-Stehres LSAP Zentrum direkt 17 245 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Mars Di Bartolomeo LSAP Süden direkt 23 414 1989
1 Camille Dimmer CSV Süden direkt 22 441 1989
1 Lydie Err LSAP Süden direkt 24 649 1989
Ben Fayot LSAP Zentrum direkt 13 394 huet op d'Mandat verzicht fir e Posten am Europäesche Parlament unzehuelen
Marc Fischbach CSV Zentrum direkt 21 511 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Colette Flesch DP Zentrum direkt 25 592 1989
1 Pierre Frieden CSV Zentrum direkt 17 117 1989
Robert Garcia GAP Süden nogeréckelt 3 772 13.10.1192 nogeréckelt fir de Jean Huss
1 Gaston Gibéryen 05/06 Süden direkt 8 566 1989
1 Robert Gitzinger DP Osten direkt 4 507 1989
Jean Geisbusch GAP Zentrum nogeréckelt 2 722 13.10.1992 nogeréckelt fir de François Bausch
1 Marcel Glesener CSV Süden nogeréckelt 21 571 1989 nogeréckelt fir de Jean-Claude Juncker
Robert Goebbels LSAP Zentrum direkt 14 944 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Charles Goerens DP Norden direkt 11 207 1989
1 Mathias Greisch LSAP Süden nogeréckelt 22 919 1989 nogeréckelt fir de Jacques Poos
1 Henri Grethen DP Süden direkt 9 350 1989
1 René Hengel LSAP Zentrum direkt 13 617 1989
1 Erna Hennicot-Schoepges CSV Zentrum direkt 19 408 1989
André Hoffmann KPL Süden nogeréckelt 5 690 30.09.1990
1 Jean Huss GAP Süden direkt 8 538 1989 13.10.1992 no senger Demissioun, den 13. Oktober 1992, ersat duerch de Robert Garcia
1 Marie-Josée Jacobs CSV Norden direkt 11 361 1989 10.12.1992 no hirer Ernennung zur Ministesch, den 10. Dezember 1992, ersat duerch den Nico Loes
1 Edouard Juncker CSV Norden direkt 11 957 1989
Jean-Claude Juncker CSV Süden direkt 34 932 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Ady Jung CSV Süden nogeréckelt 19 673 1989 nogeréckelt fir de Jean Spautz
1 Jean-Pierre Koepp 05/06 Norden direkt 4 294 1989
1 René Kollwelter LSAP Zentrum nogeréckelt 11 973 1989 nogeréckelt fir d'Mady Delvaux-Stehres
1 René Konen DP Zentrum direkt 13 825 1989 25.01.1994 no senger Demissioun, de 25. Januar 1994, ersat duerch den Theo Stendebach
1 Fernand Kons CSV Osten direkt 6 882 1989
1 Norbert Konter CSV Osten direkt 7 061 1989
1 Jeannot Krecké LSAP Zentrum nogeréckelt 10 290 1989 nogeréckelt fir de Robert Goebbels
1 Emile Krieps DP Zentrum direkt 15 031 1989
Robert Krieps LSAP Zentrum direkt 13 479 huet op d'Mandat verzicht fir e Posten am Europäesche Parlament unzehuelen
Françoise Kuffer LSAP Osten nogeréckelt 4 333 16.10.1990 nogeréckelt fir de Marcel Schlechter
Johny Lahure LSAP Süden direkt 28 863 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Marcelle Lentz-Cornette CSV Süden direkt 23 053 1989
Nico Loes CSV Norden nogeréckelt 8 654 10.12.1992 nogeréckelt fir d'Marie-Josée Jacobs
1 Lucien Lux LSAP Süden direkt 24 714 1989
Georges Margue CSV Zentrum nogeréckelt 15 027 08.10.1991 nogeréckelt fir den Ernest Mühlen
1 Henri Mausen CSV Norden direkt 11 773 1989 07.11.1989 no senger Demissioun, de 7. November 1989, ersat duerch den Ernest Petry
1 Robert Mehlen 05/06 Osten direkt 3 452 1989
1 Carlo Meintz DP Zentrum direkt 14 504 1989
Jim Meisch GLEI Süden direkt 4 134 huet op d'Mandat verzicht
1 Ernest Mühlen CSV Zentrum nogeréckelt 15 522 1989 08.10.1991
1 Lydia Mutsch LSAP Süden nogeréckelt 21 953 1989 nogeréckelt fir de Fernand Boden
Ernest Petry CSV Norden nogeréckelt 9 364 07.11.1989 nogeréckelt fir den Henri Mausen
1 Lydie Polfer DP Zentrum direkt 26 885 1989
Jacques Poos LSAP Süden direkt 37 917 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 René Putzeys CSV Süden direkt 24 288 1989
1 Fernand Rau CSV Zentrum direkt 19 613 1989
Viviane Reding CSV Süden direkt 25 567 huet op d'Mandat verzicht fir e Posten am Europäesche Parlament unzehuelen
1 Jean Regenwetter LSAP Süden direkt 23 289 1989
Jacques Santer CSV Zentrum direkt 30 499 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Jos Scheuer LSAP Osten direkt 7 091 1989
1 Marcel Schlechter LSAP Osten direkt 7 822 1989 16.10.1990 no senger Demissioun, de 16. Oktober 1990, ersat duerch d'Françoise Kuffer
John Schummer nogeréckelt 7 238 14.07.1992 nogeréckelt fir de Josy Barthel
1 Josy Simon 05/06 Zentrum direkt 5 440 1989
Jean Spautz CSV Süden direkt 34 637 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
René Steichen CSV Norden direkt 12 496 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Nelly Stein CSV Süden nogeréckelt 19 267 1989 nogeréckelt fir d'Viviane Reding
Theo Stendenbach DP Zentrum nogeréckelt 11 219 25.01.1994 nogeréckelt fir de René Konen
1 Nicolas Strotz CSV Osten nogeréckelt 6 612 1989 nogeréckelt fir den Alex Bodry
1 Alphonse Theis CSV Zentrum direkt 18 425 1989
1 Maurice Thoss LSAP Süden nogeréckelt 22 207 1989
1 René Urbany KPL Süden direkt 13 443 1989 30.09.1990 no senger Demissioun, den 30. September 1990, ersat duerch den André Hoffmann
1 Jup Weber GLEI Zentrum direkt 13 872 1989
1 Camille Weiler LSAP Norden direkt 7 612 1989
1 Lucien Weiler CSV Norden nogeréckelt 10 442 1989 nogeréckelt fir de René Steichen
Joseph Wohlfart LSAP Norden direkt 8 226 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Michel Wolter CSV Süden direkt 24 325 1989
Marc Zanussi LSAP Süden nogeréckelt 21 579 30.09.1990 nogeréckelt fir de Maurice Thoss
60

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Zuel vun de Sëtz war bei dëser Wal vu virdru 64 op 60 erofgesat ginn.
  2. ë. a. Firwat net, Republikanesch Partei, die Bürgerpartei, Lëscht fir de moderéierte Lëtzebuerger - Chrëschtlech Volleksdemokraten
  3. "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.68 (fir d'lescht gekuckt de 16. Februar 2019).
  4. Bulletin de documentation n°2 de l'année 1989. Édition spéciale présentant les résultats des élections législatives et européennes du 18 juin 1989 ainsi que toutes les informations relatives à la formation du nouveau gouvernement, la répartition des ministères, la composition de la Chambre des députés depuis 1954 et la déclaration gouvernementale du 24 juillet 1989 S. 1-7 op sip.gouvernement.lu