Thers Bodé
Ausgesinn
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Thers Bodé | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Marie-Thérèse Bodé |
| Gebuer |
27. Mäerz 1954 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
13. Juli 1989 Esch-Uelzecht |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politikerin |
|
| |
D'Marie-Thérèse "Thers" Bodé, gebuer de 27. Mäerz 1954 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 13. Juli 1989 zu Esch-Uelzecht, war eng lëtzebuergesch Journalistin, Psychologin, gréng Politikerin a Fraerechtlerin.
Als Fräizäitjournalistin ass si an den 80er Jore beim éischte fräie Radio dem « Radio Grénge Fluesfénkelchen » derbäi an duerno beim Pirateradio Radau. Si huet gär Theater gespillt a war am Redaktiounskommitee vum GréngeSpoun.
Bei de Chamberwale vun 1989 gouf si als Deputéiert gewielt. Mä zu där Zäit war si scho schwéier krank, a si ass gestuerwen ier se hiert Mandat konnt untrieden.
