woxx

Vu Wikipedia
Logo vu woxx

Woxx (Stiliséiert: woxx) ass eng Lëtzebuerger Wochenzeitung. Si ass 2000 aus der Ëmbenennung vum GréngeSpoun ervirgaangen, dee fir d'éischt den 23. September 1988 erauskoum. Zënter 2018 publizéiert Woxx eng Online-Editioun ënner dem Numm online-woxx.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Redaktiounsmembere vun der éischter Ausgab (déi vum Oktober 1988) vum GréngeSpoun waren onbezuelt Membere vun der Grénger Alternativer Partei. Vun 1989 un, ass d'Zeitung all zwou Wochen erauskomm an zwéi Mataarbechter sinn Hallefdaags agestallt ginn. Ufanks 1991 gouf dunn eng Kooperativ gegrënnt, déi d'Publikatioun iwwerholl huet. Zënter dem 1. Mäerz 1991 kënnt de GréngeSpoun, respektiv d'Woxx, all Woch eraus. Lues awer sécher geléngt et der Zeitung, sech an der Lëtzebuerger Medielandschaft z'etabléieren, besonnesch och wéinst hirem grousse Kulturdeel.[1][2]

2000 krut se hiren neien an aktuellen Numm woxx, en neie Layout an eng Internetpresenz. 2007 gëtt d'Format gewiesselt, fir se méi handlech ze maachen.[1][2]

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

Reechwäit[änneren | Quelltext änneren]

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 1,50 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer all Woch d'woxx gelies. 2006/2007 waren dat der 1,80%; 2007/2008 1,90% an 2008/2009 1,30%.[3] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[4] 2011 waren et 1,10 %[5]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 7.700 Leit iwwer 15 Joer d'Woxx gelies (1,6 % vun der Wunnbevëlkerung).[6]

Pressehëllef[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks der 1990er ass d'Gesetz iwwer d'Pressehëllef geännert ginn. Fir datt eng Zeitung vun där Hëllef konnt profitéieren hunn do misse fënnef haaptberufflech Journaliste schaffen. De Presserot hat awer enger vun de Mataarbechterinne vum Gréngespoun d'Akkreditéierung verweigert, wouduerch beim GréngeSpoun offiziell nëmme véier Journaliste beschäftegt waren, a se domat kee Recht op Pressehëllef hat. D'Zeitung huet doropshi virum deemolege Verwaltungsgeriicht geklot a krut Recht. 1996 ass réckwierkend, mä net komplett, d'Pressehëllef bezuelt ginn. Dat ass net duergaange fir d'Scholde vun der Zeitung ze bezuelen, déi eréischt 2009 all beglach goufen.[1][2]

2011 huet d'woxx 240 865 Euro staatlech Pressehëllef kritt.[7] 2016 waren et 262.744 Euro.[8]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Richard Graf, "Der Weg vom Spoun zur woxx in Forum 363
  2. 2,0 2,1 2,2 Richard Graf, Die „woxx“: Ein Projekt, das es eigentlich nicht geben solltein Ons Stad
  3. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.25.
  4. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  5. Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
  6. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
  7. Rapport d'activités vum Ministère de l'Etat 2011, S.20-21.
  8. gouvernement.lu: Aide à la presse (gekuckt den 9. November 2017)