Op den Inhalt sprangen

Staatlech Pressehëllef

Vu Wikipedia

D'Staatlech Pressehëllef ass eng finanziell Subventioun, déi de Lëtzebuerger Staat den Editeure vu bestëmmte Presse-Produkter (Zeitungen an Zäitschrëften), no Krittären, déi duerch e Gesetz definéiert sinn, gëtt. 2018 war de Gesamtbetrag fir d'Pressehëllef fir déi geschriwwe Press 7.088.895 Euro[1].

D'Zil vun der staatlecher Pressehëllef ass et, de Meenungspluralismus an der Press souwäit wéi méiglech oprecht z'erhalen. Hannergrond ass, datt vill Presseorganer zu Lëtzebuerg enger politescher Stréimung oder Partei nostinn. Well de Maart fir lëtzebuergesch Zeitunge limitéiert ass, hätte besonnesch Zeitunge mat méi niddregen Oploen, déi méi "klenge" Parteien nostinn, et schwéier, z'iwwerliewen.

Dofir gouf 1976 e Gesetz gestëmmt, dat 1998 duerch en neit ersat gouf. Deemno setzt sech d'Pressehëllef aus zwee Deeler zesummen: Aus engem Grondbetrag, dee fir all Zeitungen an Zäitschrëften, déi Pressehëllef kréien, d'selwecht ass, an e proportionellen Deel, dee fir d'Säite mat redaktionnellem Inhalt vergi gëtt.

Konditioune fir der ze kréien

[änneren | Quelltext änneren]

Fir kënne Pressehëllef ze kréien, muss e Periodique zu Lëtzebuerg an op d'mannst eemol d'Woch erauskommen, allgemeng Informatioune verbreeden an haaptsächlech an enger vun den 3 Haaptsprooche vum Land geschriwwe sinn. Weider muss e vun enger Redaktioun vun op d'mannst 5 fest ugestallte Journaliste geschriwwe ginn. Gratis verdeelten Drécksaache falen net drënner.

De Schlëssel fir d'Berechnung vum Betrag

[änneren | Quelltext änneren]

D'Berechnung fir d'Montanten, déi als Pressehëllef un déi eenzel Presseorganer bezuelt ginn, baséiert nieft der Oplo vum Presseorgan, op engem Referenzbetrag deen all Joer duerch e Règlement grand-ducal fixéiert gëtt.

Fir dëse Referenzbetrag pro Joer ze berechne gëtt zanter 1999 d'Zomm vun de Käschte fir fënnef haaptberufflech Journalisten an de Präis fir 120 Tonne Pabeier geholl. De Grondbetrag, deen all Presseorgan, deen d'Konditiounen erfëllt, kritt, ass een Drëttel vum Referenzbetrag.

De proportionelle Betrag gëtt gerechent, andeems zwee Drëttel vum Referenzbetrag geholl ginn, dëse Montant mat der Zuel vun de standardiséierte redaktionnelle Saïten (187 680 Quadratmillimeter pro Säit) vum Presseorgan multiplizéiert gëtt, an dann duerch 2325 dividéiert gëtt.

Entwécklung vum Referenzbetrag:

  • 1999: 315 568,46 EUR (12 730 000 LUF)
  • 2000: 328 087,08 EUR (13 235 000 LUF)
  • 2001: 349 281,98 EUR (14 090 000 LUF)
  • 2002: 353 550,00 EUR
  • 2003: 355 525,00 EUR
  • 2004: 361 500,00 EUR
  • 2005: 376 500,00 EUR
  • 2006: 390 950,00 EUR
  • 2007: 404 000,00 EUR[2]
  • 2008: 408 000,00 EUR[3]
  • 2009: 418 550,00 EUR[4]
  • 2010: 426 775,00 EUR[5]
  • 2011: 431 025,00 EUR[6]
  • 2012: 442 800,00 EUR[7]
  • 2013: 450 300,00 EUR[8]
  • 2014: 462 250,00 EUR[9]

Wien der kritt a wéi vill

[änneren | Quelltext änneren]
Organ Editeur 2007 (EUR)[10] 2008 (EUR)[11] 2009 (EUR)[12] 2010 (EUR)[13] 2011 (EUR)[14] 2012 (EUR)[15] ... 2018 (EUR)[1]
Luxemburger WortGroupe Saint-Paul1 494 3571 489 7781 524 6581 500 6501 516 7691 414 735...1,40 Mio
La Voix du LuxembourgGroupe Saint-Paul907 575942 846933 221898 843488 357-
TageblattEditpress1 634 7141 702 0541 659 5541 642 5071 650 4461 552 313...1,45 Mio
Le QuotidienLumedia (50 % Editpress)1 091 2031 182 4871 197 2391 204 8551 230 2891 206 829...1,23 Mio
Lëtzebuerger JournalÉditions Lëtzebuerger Journal s.a.526 010523 533540 421529 621549 047606 426...973 398
Zeitung vum Lëtzebuerger VollekZeitung SA334 826346 545353 281355 937368 206376 776...416.052
TélécranÉditions Saint-Paul334 328335 243375 763376 472401 758381 726...371.543
RevueEditpress322 751318 239321 984332 813336 972347 147...336.889
d'Lëtzebuerger Landéditions d'Lëtzebuerger Land236 361254 462259 954268 405274 641281 520...305.549
WoxxGrengespoun SC203 221226 156230 417233 348240 865246 406...267.647
Le JeudiEditpress336 204368 587358 005349 532327 751322 615...335.310
Total7 421 5497 689 9307 754 4997 692 9837 385 1006 736 494...7.088.895

D'Press zu Lëtzebuerg profitéiert weiderhi vu méi niddregen TVAs-Tauxen a Posttariffer, souwéi dovun, datt de Revenu duerch Reklamm op RTL Télé Lëtzebuerg gedeckelt ass.

Derbäiziele kann een och nach d'Avis-officiels vun der Regierung an de Ministèren. Tëscht 2009 an 2012 waren dat am Ganzen 6,5 Milliounen Euro, deemno gutt annerhallef Millioun d'Joer.[16] De Gros dovu goung un d'Luxemburger Wort mat 1,8 Milliounen, virum Tageblatt mat 1,1 Millioun an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek op der drëtter Plaz mat eppes iwwer 800.000 Euro.[17]

Online Medien

[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2017 kënnen och Online-Medien an de Genoss vu Staatlecher Pressehëllef kommen. Dofir musse si op d'mannst 2 Journalisten agestallt hunn. Pro Joer gi maximal 100.000 Euro pro Site ausbezuelt. 2018 kruten am Ganzen 13 Sitten 1.083.331 Euro ausbezuelt.[1]

Online-Medium2018 (Euro)
luxtimes.lu100.000
delano.lu100.000
contacto.lu100.000
paperjam.lu100.000
lessentiel.de100.000
lessentiel.fr100.000
lequotidien.lu100.000
wort.lu91.666
moien.lu91.666
tageblatt.lu83.333
woxx.lu58.333
wort.lu/de33.333
reporter.lu25.000
Total1.083.331

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 "Pressehëllef: Wéi eng Medie kruten 2018 wéi vill finanziell Hëllef vum Staat?" rtl.lu, 20.03.2019 13:10.
  2. Règlement grand-ducal du 8 février 2008 refixant pour l'année 2007 le montant annuel de référence prévu à l'article 3 de la loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite. Archivéiert de 05.03.2016. Gekuckt den 18.03.2009.
  3. Règlement grand-ducal du 22 janvier 2009 portant fixation nouvelle pour l'année 2008 du montant annuel de référence prévu par l'article 3 de la loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite. Archivéiert den 08.10.2013. Gekuckt den 18.03.2009.
  4. Règlement grand-ducal du 22 janvier 2009 portant fixation pour l'année 2009 du montant annuel de référence prévu par l'article 3 de la loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite. Archivéiert den 08.10.2013. Gekuckt den 18.03.2009.
  5. Règlement grand-ducal du 1er février 2010 portant fixation pour l'année 2010 du montant annuel de référence prévu par l'article 3 de la loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite. Mémorial A n° 141 du 16.08.2010.
  6. Règlement grand-ducal du 27 février 2011 fixant pour l'année 2011 le montant annuel de référence prévu à l'article 3 de la loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite. Mémorial A n° 46 du 11.03.2011
  7. Règlement grand-ducal du 24 février 2012 portant fixation pour l'année 2012 du montant annuel de référence prévu par l'article 3 de la loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite.
  8. Règlement grand-ducal du 18 février 2013 fixant pour l'année 2013 le montant annuel de référence prévu à l'article 3 de la loi modifiée du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite. Mémorial A n° 32 du 26.02.2013
  9. Règlement grand-ducal du 29 janvier 2014 fixant pour l'année 2014 le montant annuel de référence prévu à l'article 3 de la loi modifiée du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite. Mémorial A n° 21 du 17.02.2014
  10. Rapport d'activités 2007 vum Staatsministère S. 19-20.]
  11. d'Lëtzebuerger Land Nr.17, 24. Abrëll 2009, Bäilag Communication, S.7.
  12. Rapport d'activités 2009 vum Staatsministère S.23.]
  13. Rapport d'activités 2010 vum Staatsministère S. 24.
  14. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.
  15. Rapport d'activités 2013 vum Staatsministère S. 26.
  16. Am forum vum Abrëll 2014 gëtt dee Posten awer scho bei iwwer 10 Milliounen Euro d'Joer geschat. Vom baldigen Ende der Luxemburger Pressehilfe: Die Höhe dieser indirekten Pressehilfe ist nicht bekannt, in seiner Antwort auf eine diesbezügliche parlamentarische Anfrage machte Medienminister François Biltgen im Januar 2013 nur unvollständige und damit unbrauchbare Angaben. Die angegebene Summe von 6,5 Millionen Euro, die gerade einmal zwei staatliche Institutionen dafür ausgeben, lässt darauf schließen, dass der Gesamtbetrag bei weit über 10 Millionen Euro im Jahr liegt
  17. "Press: 6.5 Milliounen Euro fir 'offiziell Avisen'." RTL.lu - 23.01.2013, 08:46 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.01.2013, 09:28.