Diskussioun:Staatlech Pressehëllef

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech mengen hei klappt eppes mat de Milliounen net:

Entwécklung vum Referenzbetrag:

  • 1999: 315 568,46 EUR (12 730 000 LUF)
  • 2000: 328 087,08 EUR (13 235 000 LUF)
  • 2001: 349 281,98 EUR (14 090 000 LUF)
  • 2002: 353 550,00 EUR
  • 2003: 355 525,00 EUR
  • 2004: 361 500,00 EUR
  • 2005: 376 500,00 EUR
  • 2006: 390 950,00 EUR
  • 2007: 398 350,00 EUR
  • 2008: 411 000,00 EUR


...a wéivill[Quelltext änneren]

Dee gréissten Deel - ronn 5,85 Milliounen Euro - goung dobäi un d'Publikatioune vun den zwee Verlagshaiser Saint-Paul Luxembourg (2.615.200 €) an Editpress (3.239.200 €). De Rescht hunn sech d' Editions Lëtzebuerger Land (233.334 €), d'Editions Gréngespoun (woxx; 191.390 €) an d'Verleeg vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek (309.475 €) an dem Lëtzebuerger Journal (500.589 €) gedeelt.

Si mer an Euro oder an ale franséische Frangen oder wou kommen déi Milliounenënnerscheeder hier? Les Meloures 11:28, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien, déi Zuelen uewe sinn e Referenzbetrag, dee mat anere Variable verrechent gëtt. Da kënnt een op déi insgesamt bal 6 Milliounen (aktuell Zuele wëllkomm, déi 5.85 si vun 2006).--Zinneke 11:32, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Zuele vun 2007:

Luxemburger Wort 1 494 357 €

La Voix du Luxembourg 907 575 €

Tageblatt 1 634 714 €

Le Quotidien 1 091 203 €

Lëtzebuerger Journal 526 010 €

Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek 334 826 €

Télécran 334 328 €

Revue 322 751 €

D’Lëtzebuerger Land 236 361 €

Woxx 203 221 €

Le Jeudi 336 204 €

Total 7 421 549 €

Quell (S. 19-20)--Fliedermaus 12:18, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Merci

ech hunn heiansdo méi lues Deeg.

Les Meloures 13:47, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, ech wolt froen fierwa dier mein Zousatz iwert Letzebuerg Privat eweg gestrach hut? den Zousatz wa richteg, a vum Niveau hier genau esou wei den recht vum Artikel....En plus huet dei Zeitung 30.000 Zeitungen am Kiosk. Dat sin der awer wuel mei wei dei meecht aner Zeitungen an aerer Lescht (dei en plus total falsch zesummen gerechent gin ass). Zur kompletter Information geheiert dei Information dozou...Op iech daat passt oder ent! (vun 158.64.52.122)

Moien, am Artikel steet explizit, wie Pressehëllef kritt, firwat a wéivill. Et huet dofir kee Sënn, all Presseprodukter opzezielen, déi net ënner déi Critèrë falen (där ginn et der Dosenden) an dofir keng kréien. An engem Artikel iwwer d'Fauna an Afrika méich et grad esouwéineg Sënn, opzezielen, datt et do keng Äisbieren a keng Kängurue ginn... -Z.
Am Artikel ass och prezis uginn, wou déi Zuelen hier sinn: aus dem Rapport d'activité vum Staatsministère (Link drop an der Foussnout). Ech weess net, wourop Deng Behaaptung baséiert, déi wier "total falsch zesummen gerechent" - wann s de do eng besser Quell hues, misst de dat vläit uginn. --Zinneke 14:17, 15. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Et ass wieklech schued dass den letzebuerger wikipedia vum ZINNEKE an LES MELOURS esou gemaat get, wei wan sie dei waeren dei wessen wei en eng ENZYKLOPEDIE mecht an dei aner weren alles IDIOTEN.(vun 158.64.52.122)

Dat sees Du, net ech. Z.

Dat waat dier mier doo soot dat et keen wert huen asw grenzt un massiver Arroganz. Wien sidd dier fier esou eppes ze behaapten an enger freier ENZYKLOPEDIE. Desweideren fannen ech dass Privat schon erwaehnt kann gin well se eng enorm heich oplach huet an dei eenzeg hierer Aart ass.(vun 158.64.52.122)

Privat ass "erwähnt", et huet esouguer en eegenen Artikel, kuck Privat. Wat d'"enorm héich" Oplo betrëfft: Hues du do genee Verkaafszuelen? Déi wieren intressant gewuer ze ginn. Se géifen dann awer an den Artikel "Privat", an net heihinner gehéieren.--Z.

An dann nach eppes, wann den Jean Nicolas iech menaceiert mat prozesser asw kann en sein Artikel selwer schreiwen( an deen Artikel huet definitiv keen ENZYKLOPEDIE Niveau well et eng greng Lobeshymne op hien selwer ass...). Do sidd der dan ganz roueg an kuscht....Dat fannen ech wieklech kommech vun iech!(vun 158.64.52.122)

Woura wier de Jean Nicolas-Artikel eng "Lobeshymne op hie selwer"? En zielt op, wat dee Mann esou mécht a gemaach huet. Wann s De do sachlech Feeler dra solls fannen, dierfs de se gär - mat Quell ! - verbesseren. --Zinneke 15:00, 15. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Dei Oplo steet an der Zeitung dran. Gesidd der, et ass genau daat wat ech mengen, hei macht der elo aeren decken mat der Oplo vun der Privat, wan den Jean Nicolas schreiwft ( D'Gesamtoplo vun dësen Zäitschrëfte geet wäit iwwer 50.000 eraus, wat méi wéi 200.000 Lieser bedeit) kuscht der. an waat deen artikel keng lobeshymne ass, dan hudd der en net gelies main Haer ( wou verschiddener vu senge journalistesche Filmer als Auteur oder Co-Auteur zu de beschte Sendezäiten iwwert d’Antenne gaange sinn, ), deen ganzen eichten Abschnitt huet neicht mam Liewen vum Nicolas ze din mais ass eng PUER reklam fier sein Groupe de Presse 200.000 Lieser d.h. also mei wei all 2 Letzebuerger, dat lossen Haeren Zinecke an Les Melours ouni problem stoen.(vun 158.64.52.122)

Wann ech Dech an Dengem Riedeschwall dierf ënnerbriechen: sou wéi den Artikel hei iwwer Pressehëllef ass, an net déi Zeitungen, déi keng kréien, ass dës Diskussiounssäit iwwer dat wat an deem Artikel steet A SOSS NÄISCHT ANESCHT. Wann s De eppes um Jean Nicolas-Artikel ze verbeessere oder ze ergänze weess: maach dat w.e.g. an deem Artikel (wa méiglech orthographesch e bësse besser wéi dat, wat hei steet). Du muss der dofir awer e Pseudonym zouleeën, well den Artikel ass semi-protegéiert. Z.

Interessant ass och wei serieux der aer Arbecht hei wieklech huelt, well den Jean Nicolas seet en wier CHef Redakter am Journal gewiecht( wat iwregens stemt) an an aerem Artikel iwert den Journal steet et net dran...Dier Herrschaften hett besser emol bessen oofstand ze huelen an opzehaalen wei wan wikipedia.lu aerch giff geheiren! an 2.ten duerch esou lakunen wei z.b. dei Journals Sach dei hei erwahnt get verstin ech den Haer Nicolas dat en Enzyklopedie hei enert Gensefeiserhcer gesaat huet an sengem leiwen Breif un iech!

Dito. Z.

VERBESSEREN? wei soll ech daat dan kennen machen wan dier aus lauter enerwerfechkeet him vis a vis sein Artikel gespaart hut??

Den Artikel ass entspaart. Ech si gespaant. --Zinneke 15:44, 15. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

also zinneke, ech soen Follgendes an dan ass sach fier mech eriwer...wat am jean nicolas an am journal artikel steet ass mier egal. Fannen et schued wei hei vun puer gemat get wei wan wiki hinnen geheiert, op eng relativ bloed an erablassend art a weis. Desweiteren muss ech awer och soen dass ech iwerhaapt frou sin dass leit un wiki.lu schaffen an an deem senn bidden ech dan awer en frendschaftlechen Eddi a Bonne Chance fier wiki.lu weider ze entweckelen un. (vun 158.64.52.122)

Et sief mer dës Bemierkung erlaabt: Wat an deem Dialog heidriwwer "relativ bloed an erablassend" ass, iwwerloossen ech gär aneren, ze jugéieren. A wann et Der "egal" ass wat am Journal- a Jean-Nicoals-Artikel steet, dierf ech eng lescht Fro stellen: Firwat dann dat ganzt Gedeessems hei?! Trotz allem dofir och vu mir: Äddi a merci fir deng Wënsch. --Zinneke 16:26, 15. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]