Editpress

Vu Wikipedia
Editpress
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 1913
Sëtz Esch Uelzecht
Leedung Jacques Eischen
Mataarbechter 381
Produit Tageblatt, Le Quotidien, Revue, L'essentiel
Homepage editpress.lu

Editpress Luxembourg ass e lëtzebuergescht Verlagshaus mat Dréckerei zu Esch-Uelzecht., dat 1981 aus der, den 3. Dezember 1927 gegrënntener, Luxemburger Genossenschaftsdruckerei (Imprimerie Coopérative) entstanen ass.

D'Editpress gëtt zwou Dageszeitungen eraus, d'Tageblatt an de Quotidien (dësen an Joint Venture mam Républicain Lorrain). Den 10. Oktober 2007 koum L'essentiel dobäi, eng gratis verdeelt Dageszeitung (an Zesummenaarbecht mat der Schwäizer Tamedia).

Weiderhi publizéiert Editpress d'Wochenzäitschrëft Revue.

Bis 2015 huet Editpress d'Lux-Post, e gratist Annoncëblat (zesumme mam belsche Groupe Rossel) erausbruecht, a bis 2019 och d'Wochenzeitung Le Jeudi. Ausserdeem war Editpress bis Enn 2019 um Radiosender Eldoradio bedeelegt.[1]

E groussen Deel vum Kapital vun der Editpress gehéiert de Gewerkschaften OGB-L a Landesverband.

Am Juni 2020 huet Editpress säi Gebai an der Escher Kanalstrooss, wou ë. a. d'Tageblatt seng Redaktioun dran huet, enger belscher Immobiliegrupp verkaaft. D'Fassad vum 1936-38 gebaute Gebai, mat engem Héichrelief vum Albert Kratzenberg, souwéi Deeler bannenan, solle beim Ëmbau a Wunnegen a Geschäftsraim erhale bleiwen. Den neie Sëtz ass am Belval Plaza.[2]

Generaldirekteren[änneren | Quelltext änneren]

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

2018 huet Editpress hire Bilan mat enger Perte vun 1,12 Milliounen Euro ofgeschloss. De Grupp konnt dat Joer seng Scholden, déi sech an de Jore virdrun ugeheeft haten, ëm ronn zwou Milliounen Euro op alles an allem 15,8 Millioune reduzéieren.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bernard Thomas: "Groupe Editpress - La Chute de la maison Sold." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.25, 21. Juni 2019, S.10.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "CLT-Ufa übernimmt Eldoradio zu 100 Prozent." op wort.lu, 25.11.2019.
  2. bt: "Le Tageblatt quitte Esch.". d'Lëtzebuerger Land Nr.34, 21. August 2020, S.4.
  3. "Rout Zuele fir Editpress." 100komma7.lu, 20. Aug 2019 - 11:00.