Belval Plaza

Vu Wikipedia
Belval Plaza 1 (hannen) an 2 (riets) am August 2010.

Belval Plaza ass den Numm vun zwéi Gebaikomplexer um Belval, südlech a westlech vun der Place de l'Académie, net wäit ewech vun der Rockhal.

Ronn 250 Milliounen Euro soll d'Realisatioun kaschten. Bauhäre war d'Belval Plaza Holding, eng 2005 gegrënnt Joint Venture vu Bouwfonds Financiering Participates (Grupp ABN Amro) an der Immobiliegesellschaft Multiplan. 2006 gouf Bouwfonds un d'Immobilebranche SNS Reeal vun der hollännescher Bank SNS verkaaft. Am Oktober 2009 huet Multiplan ugekënnegt, sech aus dem Projet zeréckzezéien an eng Plainte op Schuedenersaz géintiwwer SNS gemaach, well se hir Ofmaachungen net agehalen hätt. SNS ass zanterhier den eenzege Aktionär vun der Belval Plaza Holding.[1] Nodeem SNS Reaal den 1. Februar 2013 verstaatlecht gouf,[2] huet Belval Plaza deemno dem hollännesche Staat gehéiert. Am Mäerz 2020 gouf bekannt, datt Firce Capital, zesumme mat aneren Investisseure wéi Savile Capital a Rebus, de Belval Plaza kaaft hätt.[3]

Belval Plaza 1 ëmfaasst op 71.400 m2 91 Appartementer. Méi spéit sollt do en Tuerm mat 12 Stäck an 8.800 m2 Büroe bäikommen, wat (Stand Mäerz 2017) nach ëmmer net de Fall ass. Déi éischt kommerziell Aktivitéite sinn de 25. Oktober 2008 mat engem Saturn ugelaf. Eng Woch méi spéit koumen nach aner Butteker dobäi. Am Plaza 1 ass weiderhin e Multiplex-Kino, den Kinepolis Belval (bis Juni 2013 CineBelval, an dono, bis Enn 2016, Utopolis Belval genannt), mat am Ganze 1.520 Sëtzer a siwe Säll. D'Appartementer op den ieweschte Stäck sinn am November 2009 hire Proprietären iwwergi ginn.[4]

Am Abrëll/Mee 2011, zwee Joer méi spéit wéi ufanks geplangt, war Belval Plaza 2 fäerdeggestallt, mat op 61.250 m2 Geschäfter (dorënner e Supermarché, dee schonn den 22. September 2010 opgaange war[5]) an Appartementer.[6]

Belval Plaza ass iwwer Esch-Raemerech an un d'Stroossennetz ugeschloss a steet eng 30 Meter vun der Gare Belval-Université ewech. Dës ass mat enger Passerell iwwer d'Schinnen ewech direkt mam Gebai Nummer 1 verbonnen. Eng weider Passerell verbënnt um Niveau vum 1. Stack de Plaza 1 mam Plaza 2.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michèle Sinner: "Immobilienkrimi." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.4, 25. Januar 2013, S.10.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Galerie - Bauphasen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Michèle Sinnen: "White Elephant?" d'Lëtzebuerger Land, 5.10.2012; land.lu (gelies de 25.10.2012)
  2. "Netherlands nationalizes SNS Reaal at cost of $5 billion." reuters.com, 2013-02-01.
  3. "Firce Capital acquiert le centre commercial Belval Plaza au Luxembourg." Pressecommuniqué op corporatenews.lu, 10.03.2020.
  4. "Belval Plaza 1: Di éischt Leit kruten hire Wunnengsschlëssel." rtl.lu 10.11.2009, 07:19 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.11.2009, 09:09.
  5. "Le 37e Delhaize ouvre ses portes à Esch-Belval." paperjam.lu, 23.09.2010.
  6. "Belvalplaza: Die Firma antwortet." tageblatt.lu, 06/07/2010, 10:46.