Belval

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Site Belval tëscht Esch a Bieles. Fir aner Uertschafte mat deem Numm, kuckt w.e.g. Belval (Homonymie).
De Belval am Mee 2010.
Am Verglach, de Belval am Abrëll 1991.

Déi fréier Frichë vu Belval sinn 122,7 ha grouss a leien um Terrain vun de Gemengen Esch-Uelzecht a Suessem, laanscht d'franséisch Grenz, op de Flouere Belval a Laangwiss.

Do war knappss ee Joerhonnert laang d'integréiert Schmelz/Stol- a Walzwierk vun Arbed-Esch-Belval, déi 1909-1913 als Adolf-Emil-Hütte gegrënnt gouf. D'ArcelorMittal (d'Nofolger-Gesellschaft) bedreift haut nach en Elektrostoluewen an e Walzwierk um ëstlechen Deel vun deem Terrain. Deen Terrain deen am Weste war, nodeem do 1996 dee leschten Héichuewen ausgemaach gouf, eng Industriebrooch (Friche industrielle).

De 4. Abrëll 1996 hunn d'Lëtzebuerger Regierung an d'Arbed decidéiert, eng gemeinsam Struktur ze schafen, de Groupement d'intérêt économique pour l'étude de la reconversion des sites sidérurgiques (GIE-ERSID), fir der Arbed hire Frichen (am Ganze ronn 650 ha.) nei Funktiounen ze ginn. De GIE-ERSID huet 4 Sitten als prioritär definéiert: Belval, Éilereng, Lentille Terre Rouge a Rodange.

Dorop gouf 1999 den Architektebüro Dewey & Muller beoptraagt, e Masterplang fir Belval auszeschaffen. Den 1. August 2001 gouf duerch e Gesetz Agora gegrënnt, wou de Staat an d'Arbed dra waren. Agora huet 2001 en internationalen Urbanisteconcours ausgeruff, dee vum Jo Coenen & Co gewonne gouf.

Fënnef nei Quartieren[änneren | Quelltext änneren]

Belval vu Westen aus (Summer 2013)

Et sollen 1,3 Millioune m² gebaut ginn, op enger Fläch vun 69.000 m² Terrainen, déi bebaut géife ginn. 7.000 Leit kéinten do wunnen an der 25.000 do schaffen. Geplangt si Wunnengen, Geschäfter, Erzéiungs- a Fuerschungsariichtungen, an och Sport-, Fräizäit- a Kulturariichtungen.

Ëm d'Infrastrukturen, déi vum Staat opgeriicht ginn, bekëmmert sech en ëffentlecht Etablissement, dat duerch e Gesetz vum 25. Juli 2002 gegrënnt gouf. Et ass den Établissement public pour la réalisation des équipements de l'État sur le site de Belval-Ouest, Fonds Belval genannt, mat Sëtz zu Esch-Uelzecht.[1]

Am Juni 2014, 10 Joer nom éischte Spuetstéch, hunn eng 150 Entreprisen an Administratioune sech op Belval néiergelooss. 4.000 Leit schaffen do all Dag, a 1.400 wunnen der do. Eng 93.000 m² Büroe goufe bis dohi gebaut, déi Fläch soll bis Enn dës Joers op 125.000 m² eropgoen.[2]

Héichiewenterrass[änneren | Quelltext änneren]

D'Héichiewenterrass (Terrasse des Hauts-fournaux) huet 27,6 ha. Do stinn, als Reschter vun der fréierer industrieller Aktivitéit op där Plaz, déi iwwer 80 Meter héich Héichiewen A a B, d'Gebléishal an d'Mëllerei, westlech vun den Héichiewen. Si goufe sou an d'Rei gesat, datt ee ronderëm, resp. drënnererduech trëppele kann. Zu bestëmmten Zäite kann een och bis an d'Hallschecht op den Héichuewen A eropklammen. An engem Gebai niewendrun, Massenoire genannt, ass zënter 2012 eng permanent Ausstellung iwwer d'Geschicht vum Site a vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg am Allgemengen.

Den 2002 gegrënnte Fonds Belval huet als Aufgab, bannent 15 Joer d'Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation vun der Uni Lëtzebuerg do z'installéieren. Dës besteet aus enger Rëtsch Gebaier, an deenen d'Faculté des sciences, de la technologie et de la communication an d'Faculté des Lettres, des Sciences Humaines, des Arts et des Sciences de l'Education ënnerbruecht sinn, mat hirem markanten Zentralgebai, der Maison du Savoir. 2016 kënnt d'Droits-Fakultéit no. Dozou gehéieren och de CRP Gabriel-Lippmann, de CRP Henri-Tudor, de CRP-Santé an de Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation

D'Rockhal war dat éischt neit Gebai, dat 2005 seng Dieren opgemaach huet. 2007 koum d'Verwaltungsgebai vun der RBC Dexia (haut RBC Investor Services) dobäi, wou eng 1.400 Leit schaffen, bei dat 2009 eng Extensioun dobäikoum, mat Plaz fir 400 Aarbechtsplazen.

Weider steet op der Héichuewenterrass de Belval Plaza 1 an 2, zwéi Komplexer vu Gebaier mat ë. a. dem Utopolis Belval, engem Multiplex-Kino mat siwe Säll, engem Akafszentrum, an uewenop Wunnengen. De Belval Plaza 1 huet am November-Dezember 2008 seng Dieren opgemaach, den 2. Komplex gouf am Laf vun 2011 fäerdeg gestallt; schonn am September 2010 war do e Supermarché opgaangen. D'Gare Belval-Université, där hiert neit Gebai och am September 2010 a Betrib geholl gouf, läit südlech dovun an ass mat enger Passerelle domat verbonnen.

E weidere privat bedriwwene Projet ass e Gebai, "Feierstëppeler" genannt, hallef Hotel an hallef fir Wunnengen oder Büroen, dat am Mee 2011 fäerdeg gouf, a wou 2016 en Ubau bäikoum. En ëffentlecht Verwaltungsgebai, wou ë. a. d'nationaalt Waasserwirtschaftsamt, d'Ëmweltverwaltung an d'national Dateschutzkommissioun dran ënnerbruecht sinn, gouf am Dezember 2012 a Betrib geholl. En Inkubator fir Start-up-Entreprisen konnt schonn am Juli 2012 ageweit ginn[3].

Pläng vun engem Centre national de la culture industrielle, nieft den Héichiewen, sou wéi och déi vun engem neie Gebai fir d'Lëtzebuerger Nationalarchiven, goufe bis op Weideres aus finanzielle Grënn op Äis geluecht.

Wat de Stroossebau betrëfft, sou ass dee wichtegsten Deel déi sougenannt Liaison Micheville, déi vun Nord no Süd duerch en Tunnel, tëscht der Square Mile an der Héichuewenterrass, erduerch geet, a sou engersäits e besseren Zougang zum Site erméiglecht, mä och den Duerchgangsverkéier fir op d'Autobunn A4 aus Esch an Däitsch-Oth a Villerupt eraushale soll. Si goung am Dezember 2016 op, den direkten Uschloss un d'A4 ass fir 2020/21 virgesinn. Eng weider Ënnerféierung ënnert der Eisebunn erduerch mécht en Uschloss no Süden un den CR168. Vun Norden hier ass de Belval iwwer d'N31 z'erreechen.

Square Mile[änneren | Quelltext änneren]

Déi gekäppt Schaarschtecher um Belval am November 2012

Square Mile ass den Numm vun enger Fläch vun 20 ha, westlech vun der Héichuewenterrass. Do solle virun allem Büroen hikommen, 20 % si fir Wunnenge geplangt, um Rez-de-chaussée si Geschäfter virgesinn. Si gëtt dominéiert vun den zwéi fréiere Zillen-Schaarschtecher vun der Aglomeréierung. Dës hunn am Fréijoer 2010 misse gekierzt ginn, well gefaart gouf, datt se bei engem Stuerm hätte kënnen an e Koup falen.[4] Opfälleg ass och de fréiere Sinter-Baseng matzen um Terrain, deen als Zeie vu fréier erhale gëtt.

De mëttelsen Deel vum Terrain steet nach eidel. D'Avenue du Swing, am Süden, ass bis ewell déi, déi eenzeg, déi bal komplett bebaut ass: op hirer nërdlecher Säit steet d'Efesto-Gebai, mat der Inspection du travail et des mines an enger Agence vun der ADEM dran, déi am Summer 2012 erageplënnert sinn. Do donieft gouf bis Enn 2014 de Sëtz mat engem medezineschen Analyszenter vun engem private Fuerschungslabo gebaut,[5] a bis dohi war och westlech dovun de Projet Square One vun 10.000 m² fäerdeg, wouvu 4.000 m² fir 175 Studentewunnenge reservéiert sinn.[6] Op déi südlech geleeëner Stroossesäit kommen dräi Gebaier, Southlane Tower 1 bis 3 genannt, déi jee 9 Stäck hunn. Dat éischt goung am Februar 2013 a Betrib; Haaptlocataire ass d'ILNAS. An déi aner zwee komme Büroen a Wunnengen.[7] Westlech dovun kommen zwéin Tierm vu 15, respektiv 13 Stäck, 50 m héich a Capelli Towers genannt, déi haaptsächlech Wunnengen hunn, eng 100 am ganzen, mat op den éischte 5 Stäck Büroen an um Rez-de-Chaussée Geschäfter, an déi bis 2019 fäerdeg solle sinn.[8]

An der Avenue du Jazz, eng Strooss weider nërdlech, ass zanter 2015 déi südlech Säit am Gaang bebaut ze ginn: um Eck mat der Avenue Porte de France, gëtt et de Projet vun engem Büros- a Geschäftsgebai mam Numm Rouden Eck.[9] Westlech dovun kënnt eng Annexe vun deem Labo, un den et südlech grenzt, an nach weider westlech gouf 2016 en Gebai mam Numm Résidence du Jazz fäerdeg, an deem Geschäftsraim, Büroen a Wunnenge sinn. D'Rei gëtt ofgeschloss mat engem 9-stäckege Gebai fir d'Büroe vun enger Informatiksfirma, dat Naos heescht, an deem säi Schantjen zanter 2017 am Gaang ass.[8]

Ronderëm d'Sinterbasenge gouf e grousse provisoresche Parking ugeluecht. Dee soll no engem Grondplang, Central Square genannt, bebaut ginn, deen 2011 vu KCAP Architects&Planners (Rotterdam) ausgeschafft gi war. Am Juli 2017 goufen déi éischt Bauprojeten am südwestlecehn Deel virgetallt. Et sinn dat déi vun Tralux Immobilier/Petitdidierprioux Architectes, Soludec-Asars Development/Metaform architects an Atenor/Steinmetzdemeyerdeen.[10]

2016 goufen och zwee Gebaier vis-à-vis vun der Maison des sciences humaines, um Eck Avenue Porte de France a Boulevard des Lumières, fäerdeg, Uni-Val a Galileo genannt, alle béid mat Studentewunnengen, ma et gëtt do och eng Crèche, Horeca, Geschäfter an Apparthotels-Wunnengen.

Park Belval[änneren | Quelltext änneren]

De Park Belval, laanscht d'Waassertrap.

Den ëffentleche Park gouf op enger 33 ha grouss Fläch, westlech vun der Square Mile, amenagéiert, fir déi verschidde Quartiere mateneen ze verbannen. E gouf am Hierscht 2014 ageweit. Am Juni 2012 gouf e 700 m2 grousse Skatepark fäerdeggebaut, a schonn am September 2011 huet do den neie Lycée Bel-Val säi Betrib opgeholl.

Weider ass geplangt, nieft dem Lycée e regionale Sportzentrum ze bauen, mat ë. a. enger Hal mat 2.500 Plazen an zwou Schwämmen.[11]

Quartiere Belval Nord a Sud[änneren | Quelltext änneren]

De Quartier Belval Nord soll e Wunnquartier ginn, deen, op 25 ha, à terme 7.000 Leit soll en Ënnerdaach bidden. E soll sech an déi Strukturen, déi et schonn zu Bieles ginn, integréieren.

An enger éischter Phas sinn op enger 20 Hektar grousser Fläch 600 Logementer fir ronn 1.300 Awunner geplangt. Enn 2009 waren déi éischt 13 Appartementer a sechs Eefamilljenhaiser prett fir eranzeplënneren.[12] 2012 goufe 4 weider Residenze fäerdeggestallt, an d'Bauaarbechten op 8 Parzellen, wourop 230 Wunnenge gebaut ginn, an Ugrëff geholl. 2014 sollen do 400 Leit wunnen, spéiderhin der am Ganzen 2.160.[11]

Ausserdeem huet d'Gemeng Suessem duer en neie Centre intégré pour personnes âgées (CIPA) baue gelooss, dee Plaz fir 120 eeler Leit huet, wouvun der 20-40 fir Demenz-Patienten.[13] De CIPA gouf am November 2012 a Betrib geholl.[14]

Op Belval-Süd ass virgesinn, datt éischter Eefamilljenhaiser hikomme sollen, et steet awer nach keen Datum fest wéini mat der Urbaniséierung ugefaange soll ginn.[11]

An op franséischer Säit?[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Oktober 2009 huet de franséische President Nicolas Sarkozy ugekënnegt, datt bannent sechs Méint Pläng vun enger "Éco-cité" virgestallt géife ginn, déi südlech vum Site Belval, op franséischer Säit, gebaut sollt ginn.[15] Den Inneminister Jean-Marie Halsdorf huet de 26. Januar 2010 zu Paräis mam franséische Staatssekretär Pierre Lellouche eng Konventioun ënnerschriwwen, fir déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht ze verbesseren.[16] Den 18. Abrëll 2011 goufen déi geplangten Aarbechten duerch en Décrét ministériel op d'Lëscht vun den "opérations d'intétêt national" gesat.[17] Den 8. Mäerz 2012 ass den Décret annonçant l'Établissement public d'aménagement (EPA) d'Alzette-Belval am franséische Journal Officiel publizéiert ginn.[18] Domat steet d'gesetzlech Grondlag fir d'Infrastruktur, déi d'Aarbechten ausféiere soll.

Enn 2016 hunn d'Planéierungsaarbechten op de Frichë vu Micheville ugefaangen. Et ass virgesinn, datt do op béide Säite vun der Route départementale D326 vun der Mëtt 2018 un bis zu 784 Wunnengen op der südlecher Säit, a vun 2019 un der 521 op der nërdlecher Säit gebaut ginn (dorënner der 100 fir Studenten an 52 Sozialwunnengen). Dobäi kommen administrativ Gebaier vum EPA Alzette-Belval, deen d'Aarbechte leet, an der Communauté de Communes du Pays-Haut Val d'Alzette, souwéi eng 2500m² fir Büroen.[19]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Denis Scuto, Christophe Knebeler: Belval. Passé, présent et avenir d'un site luxembourgeois exceptionnel (1911-2011). uni.lu, Agora, 2010. ISBN 9782879641201.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Esch-Belval – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz vum 25. Juli 2009
  2. "Belval: 1.400 Leit wunnen do, 4.000 Leit schaffen do, 150 Betriber." rtl.lu, leschten Update: 18.06.2014, 06:26:29.
  3. "L'Incubateur d'entreprises: une double inauguration." in: magazine - le périodique du Fonds Belval 3/2012, S.4-11.
  4. Démontage partiel des anciennes cheminées de l'agglomération. belval.lu, 24.02.2010.
  5. "Ketterthill à Belval : 2013 une nouvelle adresse pour de nouveaux développements." paperjam.lu, 5.3.2012.
  6. "L'Uni louera 175 chambres en plus à la rentrée 2014." lessentiel.lu, Logement étudiant28 septembre 2012 07:19; Act: 27.09.2012 20:25.
  7. southlane.lu, gekuckt: 2014-12-15.
  8. 8,0 8,1 "Hoch hinaus in Belval." wort.lu, 30. April 2017 um 11:30.
  9. roudeneck.lu, gekuckt 2014-12-15.
  10. Céline Coubray: "Trois nouveaux projets à Belval." paperjam.lu, 19 juillet 2017 23:15.
  11. 11,0 11,1 11,2 "Belval : Sanem prend la main". lequotidien.lu, 2012-05-23 19:59:00
  12. „'Wohnen im Park'.“ wort.lu 21.09.2009 15:23, aktualiséiert 21.09.2009 16:40.
  13. Projet CIPA
  14. "Le CIPA a ouvert ses portes à Belval Nord." Actualités op belval.lu, 2012-11-29.
  15. "Sarkozy verspricht 'Eco-cité' für Esch-Belval." wort.lu, 09.10.2009 10:38.
  16. "Belval: Accord tëscht Lëtzebuerg a Frankräich". rtl.lu,27.01.2010, 06:58 - Fir d'lescht aktualiséiert: 27.01.2010, 09:30.
  17. Décret n° 2011-414 du 18 avril 2011 inscrivant l'opération d'aménagement dite d'Alzette-Belval parmi les opérations d'intérêt national.
  18. "Alzette-Belval: l'établissement public enfin créé!" Le Républicain Lorrain, publié le 09/03/2012 à 05:00.
  19. "Après Belval, le futur est en marche à Audun-le-Tiche." lequotidien.lu, 27/09/16 15:46.