Boulevard des Lumières

Vu Wikipedia
Boulevard des Lumières
Längt ca. 270 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Suessem
Esch Uelzecht
Uertschaft Bieles
Esch-Uelzecht
Quartier Belval
Postcode L - 4369
Koordinaten 49° 30’ 15.8’’ N
      05° 56’ 43.0’’ O
Genannt no Zäitalter vun de Lumières

De Boulevard des Lumières ass eng Strooss um Belval op der Square Mile, an de Gemengen Esch-Uelzecht (Quartier Universitéit) a Suessem. Se leeft vun der Porte de France a west-nordwestlescher Richtung bis op d'Intersektioun mat der Rue Jean-Jacques-Rousseau. Um éischten Drëttel vun hirem Verlaf ass d'Grenz tëscht deenen zwou Gemengen.

Op der südlech geleeëner Stroossesäit sinn d'Sinterbasenge vun der fréierer Agglomeratioun. Den Autosparking, deen do ronderëm provisoresch ugeluecht gi war, ass zanter 2021 am Gaang, duerch nei Gebaier ersat ginn.

Den Numm ass en Hommage un d'Philosophe vun der Opklärung, am spéiden 18. Joerhonnert, déi op franséisch Lumières genannt ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 2022 gouf op der Nordsäit, um Eck mat der Rue Samuel-Beckett, de Grondstee geluecht fir dat neit Gebai vu Luxcontrol, dat Enn 2023 fäerdeg soll ginn (Architekt: WW+). Luxcontrol war bis dohin am fréieren Direktiounsgebai vun Terres-Rouges.[1]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Luxcontrol construit son nouveau siège à Belval." paparjam.lu, 20.06.22.