Boulevard de la Recherche
Ausgesinn
|
| |
| Längt | ca. 780 m |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Suessem |
| Uertschaft | Bieles |
| Quartier | Belval |
| Postcode | L - 436? |
| Koordinaten |
49° 30’ 102.6N’’ 05 56° 25.2’ O’’ {{{8}}} |
|
| |
De Boulevard de la Recherche ass eng Strooss um Belval an der Gemeng Suessem. Se leeft vum Eck mam Boulevard des Lumières fir d'éischt Richtung Süd-Südwest, geet ënnert der Avenue du Blues an der Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng an engem Tunnel erduerch, a mécht dann e Bou no riets bis bei de Rond-point mam CR168 (rue de l'Usine).
Dat Stéck tëscht dem Tunnelausgank an dem Rond-point, ronn 290 Meter, ass op franséischem Terrain.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf.
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Vue no Norden
- Vue no Süden, virum Tunnel
- ... an der Nuecht
- D'Stéck op franséischem Terrain
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Boulevard de la Recherche – Biller, Videoen oder Audiodateien |
