Liaison Micheville

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Den Nord-Ausgang vum Tunnel ënner der Héichiewenterrass (Mäerz 2017)
De Süd-Ausgang vum Belval Tunnel, Vue op déi lescht Op-/Offaart virun der franséischer Grenz (Mäerz 2017)

D'Liason Micheville ass eng Strooss, déi als Verlängerung vun der Autobunn A4 ënnert dem Belval erduerch, op der franséischer Säit Uschloss un de franséische Stroossereseau op der Héicht vu Micheville (bei Villerupt) huet. Op der Lëtzebuerger Säit gëtt d'Strooss ënnert der Nummer B40 gefouert; op der franséischer Säit ass et d'D326.

Den Zweck vun där Verbindung ass, datt manner Transitverkéier duerch Esch an Däitsch-Oth fiert, a gläichzäiteg fir de Belval besser un d'Stroossennetz unzebannen.

En Deelstéck vun der Liaison Micheville - vun der Porte des Sciences op Belval bis viru Villerupt - ass de 16. Dezember 2016 opgaangen.

Baugeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Op Lëtzebuerger Säit hunn d'Aarbechte schonn 2008 ugefaangen. Als éischt gouf, wéi nach sou gutt wéi näischt um Belval stoung, e 735 m laangen Tunnel an Nord-Süd-Richtung gebaut[1], iwwer deem spéiderhin déi haiteg Porte de France ugeluecht gouf. Duerno gouf den Tunnel ënner der Eisebunnsstreck Esch-Péiteng erduerch gegruewen, woubäi d'Technik vum sougenannten Autoripage (Selwererarutschen) zum Asaz koum, bei där déi prefabrizéiert Tunnelskëscht no an no an dat gegruewent Stéck dat am leschten Ament ausgebaggert gëtt, eragedréckt gëtt. Et war fir déi Technik och e Weltrekord, well et war fir d'éischt datt sou e schwéiert Stéck vun iwwer 20.000 Tonnen op seng Plaz geréckelt gouf[2].

Fir um Nordstéck vum Tracé den Uschloss un d'A4 ze kréien, hu misse bal 300.000 Meter Kibb mat Schwéiermetaller verknaschtem Buedem entsuergt ginn[3][4]. 30.000 m³ dovu goufen zu Lëtzebuerg mat Plastiksbaatschen isoléiert a vergruewen, de Rescht koum an Däitschland op Spezialdeponien. Am Ganze kascht dës Entsuergung 30 Milliounen Euro[5]. Am Verkafskontrakt hat déi deemoleg Arbed et gedréint kritt, datt de Staat fir d'Käschten dovu misst opkommen[6].

Déi drëtt Phas vun den Aarbechte krut de 24. Abrëll 2012 gréng Luucht an der Chamber. Dofir waren 138 Milliounen Euro virgesinn; fir déi zwou éischt Phase waren 2005 an 2008 am Ganzen 191,5 Millioune gestëmmt ginn[7]. Zesumme kaschten déi eppes iwwer 2 km op Lëtzebuerger Säit deemno eng 330 Milliounen Euro.

Op franséischer Säit goungen d'Aarbechten eréischt 2012 lass; den 13. Juli war den éischte Stéch mam Spuet[8].

Den Tracé op franséischer Säit ass net onëmstridden, well en, am Géigesaz zu der Lëtzebuerger Säit, zu groussem Deel duerch bis dohin onberéiert Natur féiert[8]. Naturschutz-Organisatioune kritiséiere besonnesch, datt en en natierleche Korridor tëscht Natura 2000-Zonen (den Naturschutzgebidder Ellergronn a Prënzebierg) zerstéiere géif, an ausserdeem eng net méi exploitéiert Eisebunnslinn vu Fontoy op Däitsch-Oth ënnerbrécht, déi deemno net méi aktivabel wier[9].

Am Juni 2013 gouf an Aussiicht gestallt, datt dat éischt Deelstéck tëscht Villerupt an der Lëtzebuerger Grenz Enn 2014 fäerdeg sollt sinn. Dat Stéck vun do aus bis bei de Rond-point virun der Uni wier Mëtt 2015 fäerdeg. Am Abrëll 2016 gouf dunn den Oktober 2016 als Erëffnungsdatum vun deem Deelstéck ugekënnegt[10]. De 16. Dezember 2016 konnt dëst da schlussendlech fir de Verkéier opgemaacht ginn.

Wat nach feelt[änneren | Quelltext änneren]

D'Aarbechten um leschte Stéck op Lëtzebuerger Säit, deem iwwer d'Bielesser Strooss ewech bis bei den Unschloss mat der A4, hu Mëtt 2015 ugefaangen, wéi eng eeler Bréck ofgerappt gouf. Dës Aarbechte sollten ufanks bis Enn 2017 daueren[11], mä och do si schonn am Fréijoer 2016 op d'mannst zwee Joer Verspéidung an Aussiicht gestallt ginn[10]. Am Hierscht 2016 gouf mam Bau vun der neier Bréck iwwer d'Bielesserstroos ewech ugefaangen. Si soll vun der Silhouette hier der Gare Belval Universitéit gläichen a sou visuell e Kontrapunkt zu der Gare um südleche Wupp vu Belval setzen. D'Bauaarbechte fir de Wee ronderëm de Schlakentipp mat Uschloss un d'A4 sollen am Fréijoer 2017 ausgeschriwwe ginn; als Ofschloss ass ewell 2019 an Aussiicht gestallt[12]. Bis dohinner muss de Verkéier iwwer d'Strooss laanscht d'Killweieren an duerch de Rond-Point Rämerech knéchelen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Liaison Micheville – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. " Administration des Ponts et Chaussées
  2. "Liaison Micheville - Passage sous les voies ferrées." Administration des Ponts et Chaussées, pch.lu. Gelies den 13/07/2012
  3. "Liaison Micheville: Wohin mit dem Giftschlamm?" tageblatt.lu, 30. November 2011 19:50; Akt: 30.11.2011 20:02.
  4. "Esch: 300.000 Kubikmeter gëftege Bulli sinn z'entsuergen." RTL.lu - 22.04.2011, 07:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.04.2011, 11:37.
  5. RTL Tele, De Journal: "Héichueweschlamm vun Belval:an Ausland!" 24/01/2012.
  6. Léon Marx: "196 Millionen für Nordstraße und Belval". Tageblatt, 25.04.2012.
  7. "Chamber: 3. Phas vu "Liaison Micheville" krut gréng Luucht." RTL.lu - 24.04.2012, 06:17 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.04.2012, 08:18.
  8. 8,0 8,1 "Chantier vun der ëmstriddener Liaison Micheville lancéiert." RTL.lu - 13.07.2012, 06:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.07.2012, 07:06.
  9. Dossier op oeko.lu, gelies de 17.7.2012.
  10. 10,0 10,1 "Liaison Micheville öffnet im Oktober." tageblatt.lu, 20.04.2016 17:50.
  11. Nicolas Anen: "Teilstrecke der 'Liaison Micheville' soll 2015 eröffnet werden." Luxemburger Wort, 24.04.2014.
  12. "Vorarbeiten haben begonnen: Die neue Belval-Brücke." wort.lu, 26. August 2016 um 06:00.