Naturschutzgebitt Ellergronn

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Ellergronn
De Liègeois-Weier am Ellergronn
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht
Fläch 110,4 ha
Nationalcode ZH 46
Koordinaten 49°28'11,42"N, 5°58'36,52"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 19. Mäerz 1988

Ellergronn ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Esch-Uelzecht. Südlech vun der Stad Esch op der franséischer Grenz bei der fréierer Minière Cockerill läit e Bëschgebitt mat Weieren, wouvun 110,4

ha zanter dem 19. Mäerz 1988 ënner Naturschutz stinn.[1]

Geologie a Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Am geologeschen Zäitalter vum Dogger virun ongeféier 160-180 Millioune vu Joren hu sech an engem fréiere Mier an der Regioun eisenhalteg Sedimenter ofgelagert, déi zu der Minett verstengert sinn. Den Ofbau an d'Verschaffe vun dëse Minettssteng hu staark zum Räichtum vum Lëtzebuerger Land matbäigedroen. Wärend a groussen Deeler an der Minettsgéigend dës eisenhalteg Steng ënner fräiem Himmel ofgebaut gi sinn, huet ee si am Ellergronn an ënnerierdesche Galerien an a Schächt vun der Mines Cockerill gewonnen. Vill vun dëse fréiere Galerie sinn hautdesdaags agefall an hu mat sech bruecht, datt op der Äerduewerfläch den Terrain sech gesat huet. Aus verschiddenen Astierztriichtere si Weieren entstanen, nodeem sech Waasser usammele konnt. De gréisste vun hinnen ass de Liégeois-Weier, deen eng Déift vun iwwer 10 m huet.

Iwwer de Minettschichte leie groussflächeg nach Kallekschichten, déi an engem Steebroch no bei der franséischer Grenz am Ellergronn ofgebaut goufen. Déi Kalleksteng goufe fir d'Weiderveraarbechtung mat Buggien iwwer Schinnen an d'Stolwierk oder an d'Zementswierk op Esch transportéiert. Op enger Plaz nieft dem fréiere Gleis, wou an der Zäit d'Ofraummaterial aus der Steekaul gelagert gouf, huet sech haut eng Dréchewiss entwéckelt.

Naturléierpad[änneren | Quelltext änneren]

Mam Zil dem Naturfrënd interessant Ablécker an d'Natur an an d'Geschicht vun der Landschaft ze ginn, ass am Joer 1991 vun der Forstverwaltung a mat Hëllef vun der Stad Esch en Naturléierpad vun ongeféier 3 km amenagéiert ginn. Ënnerwee um Circuit, dee vum Centre d'accueil Ellergronn aus fort geet, sinn op fofzéng verschidde Statiounen informativ Panneauen opgestallt ginn.

Fauna[änneren | Quelltext änneren]

Apatura iris
Blannschlécher

Am Ellergronn sinn eng Rëtsch Déieren ze fannen, déi ënner Naturschutz stinn:

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Depliant: Naturschutzgebiet Ellergronn. Ëmweltministère - Forstverwaltung.
  • Panneauen um Léierpad
  1. Règlement grand-ducal du 19 mars 1988 déclarant zone protégée la zone humide Ellergronn englobant des fonds sis sur le territoire de la commune d'Esch-sur-Alzette. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.