Naturschutzgebitt Saueruecht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Saueruecht
Um selwechte Pad, méi erof am Hank.

D'Naturschutzgebitt Saueruecht ass en Naturbësch (réserve forestière intégrale) an der Gemeng Beefort. D'Reserv, déi ronn 72 ha grouss ass, gouf 2010 geschaaft.[1]

Den Numm krut d'Reserv vum Lieu-dit Saueruecht, deen d'Kärgebitt vun der Reserv ausmécht. D'Saueruecht läit an der Regioun Mëllerdall an domat och am geplangten Naturpark Mëllerdall.

D'offiziell Aweiung vun der Reserv war de 16. Juli 2010.[2]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Naturbësch Saueruecht läit am Nordoste vu Beefort, wou e sech vum Plateau erof bis bei d'Strooss (N10) laanscht d'Sauer zitt. De gréissten Deel vun der Reserv läit am rietsen Hank vum Dall vun der Ënnersauer. Am Norde grenzt se un den CR364, dee vun Déiljen erop op Beefort féiert. Am Süden zitt se sech net grad bis op de Grondhaff.

Duerch d'Reserv féiert en Trëppeltour, deen zum Deel iwwer den Tracé vun der fréierer Eisebunnsstreck Grondhaff-Beefort leeft.

Planzegesellschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den Naturbësch Saueruecht besteet aus dräi verschidde Planzegesellschaften, déi op der Plaz, ouni Interventioun vum Mënsch gewuess sinn.[3]

  • Um Plateau, mat relativ dréchenem Suebelbuedem, huet sech e Routbuchebësch mat dominantem Pärelgras (Melica uniflora, de: einblütiges Perlgras) installéiert, eng Planzegesellschaft déi Melico-Fagetum genannt gëtt.
  • An der zentraler Zon, am Hank, tëscht erofgerutschte Fielsbléck, wuesse Routbuchen zesumme mat Pionnéierplanzen, wéi Lannen an Ahornen (Tilio-Acerion, Schluchtwald, forêts de pentes, éboulis ou ravins).
  • Um ënneschten Deel vum Hank, mat naassem Buedem, fënnt ee Planzen déi un d'Nätzt ugepasst sinn.

Schutzzonen[änneren | Quelltext änneren]

Den Naturbësch Saueruecht besteet aus zwou Schutzzonen:

  • der Zon A, enger integraler Bëschreserv (réserve forestière intégrale), mat 67,24 ha, déi am Besëtz vun der Gemeng Beefort sinn;
  • der Zon B, enger sougenannter zone de développement, mat 5,29 ha, déi a Privatbesëtz sinn; An dëser Zon ass d'Exploitatioun vum Bësch erlaabt, mat Ausnam vun de Parzellen, fir déi d'Besëtzer eng finanziell Hëllef vum Staat fir de Schutz vun der Biodiversitéit kréien.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Naturschutzgebitt Saueruecht – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • [1] De Règlement grand-ducal vum 23. Februar 2010 op Legilux (mat enger Kaart vum Gebitt)
  • [2] den Naturbësch Saueruecht op www.emwelt.lu vun der lëtzebuergescher Regierung

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Règlement grand-ducal vum 23. Februar 2010, publizéiert am Memorial A N° 53 vum 13. Abrëll 2010, S. 66.
  2. "Marco Schank inaugure la réserve forestière intégrale 'Saueruecht' à Beaufort." gouvemnement.lu, 16.07.2010.
  3. Cf d'Saueruecht op www.emwelt.lu