Op den Inhalt sprangen

Naturschutzgebitt Haff Réimech

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Haff Réimech
Land Lëtzebuerg
Plaz Schengen
Fläch 1,0077 km²
Nationalcode ZH 58
Koordinaten 49°29'36,2"N, 6°21'43,2"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 23. Mäerz 1998

Haff Réimech ass en Naturschutzgebitt am Dräilännereck Lëtzebuerg-Däitschland-Frankräich, an der Gemeng Schengen, dat un d'Uertschafte Rëmerschen, Wëntreng a Schwéidsbeng grenzt. Tëscht der Musel am Osten an deene mat Wéngerte bedeckten Häng am

Weste läit an deem breeden Deel vum soss enke Museldall e Fiichtgebitt, wouvun zirka 100 ha zanter dem 23. Mäerz 1998 ënner Naturschutz stinn.[1] Et zielt zu de schéinsten an ekologesch wäertvollste Fiichtgebidder vu Lëtzebuerg.

Panorama Haff Réimech (2011)

Nërdlech vum Schengener Strombierg breet de Museldall sech zimmlech staark aus, woumat d'Stréimung vum Waasser do ofhëlt an d'Oflagerung zouhëlt. Am Laf vun de Joerhonnerten hu sech do duerch reegelméisseg Iwwerschwemmunge verschidde Schichte vu Sand a Kisel an aner Sedimenter ofgelagert. Dat fruchtbaart Land war schonn zur Réimerzäit beléift, wéi archeologesch Objete bezeien. Zanter den 1940er Jore ginn déi Muselsand-Gemëscher industriell ofgebaut an hannerloossen eng Landschaft mat géie Basengen, déi sech no an no mat Waasser gefëllt hunn. D'Waasserqualitéit vun de Baggerweieren, där et do en ettlech gëtt (ëm déi véierzeg), ass exzellent, well d'Waasser gréisstendeels aus ënnerierdesche Quelle vun de Wéngerten hierkënnt. Eréischt duerch d'Muselkanaliséierung an den 1960er Joren an nom Bau vun der Muselstrooss huet d'Gebitt schliisslech ganz de Kontakt mam Floss verluer.

Obwuel dat Kiselgrouwegebitt staark vum Mënsch verännert ginn ass, huet sech awer nom Enn vun der Exploitatioun op deenen eenzele Plazen mat der Zäit een aarteräichen a villsäitege Liewensraum entwéckelt. No laanger Diskussioun ass schliisslech mam groussherzoglechem Reglement vum 23. Mäerz 1998[2] déi geschützt Zon Haff Réimech entstanen, déi béid Naturschutzreserve Baggerweieren an Taupeschwues ëmfaasst, an am Ganzen 100,77 ha grouss ass (75,1 ha Kärzon mat enger 25,67 ha grousser Pufferzon). Haut gehéiert dat Schutzgebitt zum weltwäite Ramsar-Netz vu schützenswäerte Fiichtgebidder. Am Kader vun der EU-Vulleschutzdirectiv 79/409/CEE ass d'Haff Réimech als wichtegt Vulleschutzgebitt ausgewise ginn a gehéiert domat och zum Natura 2000-Netz.

Fir d'Vullewelt sinn dës fréier Kiselgrouwen als Bréiplaz, Rascht- oder Iwwerwanterungsgebitt vun eemoleger Bedeitung. Bis haut konnten am Gebitt ëm 230 Vullenaarten nogewise ginn, vun deenen der ëm 90 als Bréivulle gëllen. De Klenge Wakeleefer (Charadrius dubius) an d'Grondschmuelef (Riparia riparia) hu mat als éischt hei gebréit. Nieft dem Kaupechen Ducker (Podiceps cristatus), dem Klenge Räer (Ixobrychus minutus) britt och nach d'Kaupeg Int (Aythya fuligula) zu Lëtzebuerg just an deem Gebitt. De Kormoran (Phalacrocorax carbo) oder d'Mouerochs (Botaurus stellaris) benotzen d'Baggerweiere fir z'iwwerwanteren.

Déi géi Ufere sinn eng gär benotzt Bréiplaz fir den Äisvull (Alcedo atthis) an d'Grondschmuelef. Duerch déi staark Uferverbuschung an zum Deel d'Auswäschung vum Sand zu flaache Sandbänke sinn dës Plaze mat der Zäit fir si oninteressant ginn. Dës Sandbänke ginn awer vu Watvullenaarten als Raschtplaz gär gesinn. Nodeem verschidden Uferen ofgeflaacht gi sinn, sinn op ville Plaze Flaachwaasserzonen entstanen, déi zu den aarteräichste Liewensraim zielen. Schonn no kuerzer Zäit konnten d'Lëtschen (Phragmites communis) sech hei ausbreeden. Grouss Lëtsche-Bestänn ronderëm d'Ufere bidden haut ville Vulle Schutz a Bréiméiglechkeeten. Zu hinnen zielen de Grousse Jäizert (Acrocephalus arundinaceus), d'Baartmees (Panurus biarmicus) oder de Klenge Räer. Am klenge Flossdelltebësch mat senger typescher Vegetatioun britt nawell gär déi rar Remiz pendulinus an hirem androcksvollem eefërmegem Nascht. Déi séier Verbuschung ronderëm d'Weieren huet dem Klenge Wakeleefer awer säi Liewensraum geklaut. Duerch d'Ariichte vun enger Kiselinsel, op där all Joer d'Kraider gebotzt ginn, soll säi Bestand nees zouhuelen.

Awer net nëmmen d'Vulle fannen hei ideal Liewensbedingungen. Am Fréijoer benotze Fräschen, Mouken an Epse gär déi vegetatiounsräich Flaachwaasserzone fir ze läichen. An dësem waarme Waasser kënne si sech ideal vum Ee iwwer de Kauzekapp zum erwuessene Fräsch entwéckelen. Am Summer sinn nieft der Réngelnatter (Natrix natrix) och Libellen a Waassergéigend unzetreffen. Déi Gréng Ederes (Lacerta agilis) benotzt gär déi oppe Kisel- a Sandfläche fir sech ze sonnen an op Insektejuegd ze goen. Op dréchne, kraiderräiche Brooche ronderëm d'Gebitt wuesse rar Orchideeën, déi Päiperleken a Spannen unzéien.

Naturléierpied

[änneren | Quelltext änneren]

Op zwéi Léierweeër an a verschiddenen Observéierungsbrake kann een haut déi rar Vullen an hirem natierlechem Entourage entdecken an observéieren. Um "grénge Wee" mat enger Längt vun 2,5 km stinn eng siwen interessant Panneauen, déi en Iwwerbléck iwwer d'Entsteeung vum Gebitt an iwwer déi eenzel Liewensraim bannent der Reserv vermëttelen. Den 2,7 km laangen "orange Wee" féiert laanscht déi kënschtlech géi Mauer, déi der Grondschmuelef soll déngen, laanscht en Aussiichtspunkt an den Observéierungstuerm, déi en Ausbléck op de mëttleren Deel vum Naturschutzgebitt erméiglechen.

  • Biver, Gilles, 2004. Naturschutzgebiet Haff Réimech. Regulus Nr. 12: 4-7. Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
  • Feitz, F., R. Gloden, E. Melchior & N. Schneider, 2006. Wespen und Wildbienen des Naturschutzgebiets 'Baggerweieren' im 'Haff Réimech', Luxemburg (Insecta, Hymenoptera, Aculeata). Bull. Soc. Nat. luxemb. 106: 75-99. PDF 610 Kb
  • Gerend, R., 1996. Beitrag zur Kenntnis der Wasserkäfer des Baggerweihergebietes von Remerschen/Wintringen im Luxemburger Moseltal. Bull. Soc. Nat. luxemb. 97: 193-204. PDF 747 kB
  • Gloden, Raymond, 2007. Depliant iwwer d'Naturschutzgebitt Haff Réimech. Administration des Eaux & Forêts. 2 S. (fr) PDF 725 kB
  • Gloden, Raymond & Patric Lorgé, 2003. Gesichter der Natur - Ein Jahr im Naturschutzgebiet Haff Réimech. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg.
  • Lorgé, Patric, 2005. Feuchtgebiete, ihre Renaturierung und die Auswirkungen auf die Vogelwelt. Regulus Nr. 4: 9-13. Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
  • Meisch, C., 1990. Ostracodes et écologie de deux étangs de gravières d'Alsace et du Luxembourg (Crustacea, Ostracoda). Bull. Soc. Nat. luxemb. 90: 183-197. PDF 843 kB
  • Mousset, A., 1981. Les coléoptères des sablières de Remerschen-Wintrange. Bull. Soc. Nat. luxemb. 83-84: 53-70. PDF 819 kB
  • Schneider, N. & F. Feitz, 2006. Hypotrophies d'organes observées chez deux crabronides des gravières de Remerschen, Luxembourg (Insecta, Hymenoptera, Crabronidae). Bull. Soc. Nat. luxemb. 106: 67-70. PDF 177 Kb
  • Trockur, B., 1997. Bemerkenswerte Libellenfunde im Kiesweihergebiet bei Remerschen: Wiederfund von Epitheca bimaculata und Erstnachweis von Anax parthenope für Luxemburg (Insecta, Odonata). Bull. Soc. Nat. luxemb. 98: 105-112. PDF 610 Kb
Commons: Haff Réimech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Règlement grand-ducal du 23 mars 1998 déclarant zone protégée la zone humide Haff Réimech englobant des fonds sis sur le territoire de la commune de Remerschen et de la commune de Wellenstein. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.
  2. Cf. Link zum Originaltext am Kapitel Um Spaweck.