Naturschutzgebitt Schnellert
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Konsdref, Bäerdref |
Fläch | 135,61 ha |
Nationalcode | RFI |
Koordinaten | 49°48'27,29"N, 6°19'26,04"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 22. Mäerz 2017 |
D'Naturschutzgebitt Schnellert ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Bäerdref a Konsdref, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 22. Mäerz 2017 geschafe gouf.[1]
Et ass e Bëschgebitt, op enger Fläch vun 23,9 Hektar, uewenzeg an ënnerzeg vun de Fielswänn vum Lëtzebuerger Sandsteen, laanscht den Dall vun der Schwaarzer Iernz, südwestlech vun der Uertschaft Bäerdref. E klenge Wupp südlech vun der Dosbaach läit um Territoire vun der Gemeng Konsdref. Nieft dem speziellen Habitat laanscht d'Fielswänn a -splécken zeechent de Bësch sech och doduerch aus, datt en do praktesch net bewirtschaft gëtt a sech selwer iwwerlooss ass.
Tëscht 1997 an 2000 huet den Naturmusée en Inventaire vun all de Pilzen-, Planzen- an Déierenaarten, déi do virkommen, opstelle gelooss.[2]
D'Naturschutzgebitt Schnellert ass en Deel vun der Natura 2000-Zon Vallée de l'Ernz noire / Beaufort / Berdorf (LU0001011).[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- M. Meyer, E. Carrières (Hrsg.): Inventaire de la biodiversité dans la forêt “Schnellert” (Commune de Berdorf) – Erfassung der Biodiversität im Waldgebiet “Schnellert” (Gemeinde Berdorf). (= Ferrantia, travaux scientifiques du Musée National d'Histoire Naturelle Luxembourg, Band 50, Luxemburg 2007, ISSN 1682-5519)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Projet de réserve forestière intégrale “Schnellert” à Berdorf, Ministère de l'Environnement du Grand-Duché de Luxembourg
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 22 mars 2017 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle, la zone « Schnellert » sise sur le territoire des communes de Berdorf et de Consdorf. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 09.01.2020.
- ↑ Meyer, Carrières (2007) an der Literatur.