Nationalmusée fir Naturgeschicht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Nationalmusée fir Naturgeschicht (Musée national d'histoire naturelle), och kuerz "Naturmusée" genannt, ass 1996 am Gronn fir de Public opgemaach ginn.

Logo vum Naturmusée
Vue vun der Corniche op den Naturmusée
Vue op d'Entrée vum Naturmusée - 5 Mee 2008
Vue op d'Récksäit vum Naturmusée

Missioune vum Naturmusée[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesetz vum 25. Juni 2004[1] zielt d'Missioune vum Naturmusée op:

  • den natierleche Patrimoine studéieren an dokumentéieren, an zu sengem Schutz bäidroen;
  • Prospektiounen ënnerhuelen, paleontologesch, mineralogesch a petrologesch Ausgruewungen duerchféiere bzw. sou Fouillen iwwerwaachen, ob se vun ëffentlecher oder privater Säit ënnerholl ginn;
  • Sammlungen an Donnéeën iwwer den natierleche Patrimoine sammelen, erhalen a studéieren, a se dem Public zougänglech maachen;
  • Ëffentlechaarbecht duerch Ausstellungen, Publikatiounen, Virträg, Konferenzen a pedagogesch Aktivitéiten;
  • Dem Public Wëssen iwwer eisen natierleche Patrimoine nobréngen an e fir d'Erhale vun dem Ierwe sensibiliséieren;
  • zur Fërderung vun der wëssenschaftlecher Kultur bäidroen;
  • Gestioun vu wëssenschaftlechen, musealen, pedagogeschen an techneschen Dependenzen;
  • Kooperéiere bei der Grënnung vun neien regionale Museeën an zu hirer Gestioun bäidroen;
  • Initiéiere vu wëssenschaftlechen Etüden, Konferenzen a pedagogeschen Aktivitéiten, Zesummenaarbecht mat ëffentlechen a privaten Organismen a mat Privatleit.

Sektiounen an Zervisser[änneren | Quelltext änneren]

Den Naturmusée ëmfaasst zwee Departementer mat 7 wëssenschaftleche Sektiounen. Doriwwer eraus gëtt et administratif an technesch Zervisser.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Den Ufank[änneren | Quelltext änneren]

1850 ass, ënner dem Patronage vum Prënz Henri vun Holland, d'Gesellschaft fir Naturwëssenschaften (Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg) gegrënnt gi mam Zil, zum Fortschrëtt an der Verbreedung vun den Naturwëssenschaften am Land bäizedroen. Fir en adequat Erhale vun de Sammlungen, déi d'Gesellschaft sech zougeluecht huet, ze garantéieren, stellt de Staat e puer Säll am Atheneum, der haiteger Nationalbibliothéik, zur Verfügung. E Cabinet fir Naturgeschicht ass dunn do geschaf gi fir all déi Objeten ze sammelen, déi fir d'Etüd vun den Naturwëssenschaften zu Lëtzebuerg kéinten interessant sinn.

1854 mécht de Musée vun der Gesellschaft fir Naturwëssenschaften d'Diere fir de Public op. Déi ausgestallte Sammlungen ëmfaassen 8 Schief mat Vullen, Mamendéieren, Reptillen an Anatomiegéigestänn, 3 Vitrine mat Muschelen, souwéi Vitrine mat Insekten a Päiperleken. 3 ganz Säll si fir Mineralien a Fossile reservéiert.

Wéi et 1892 awer néideg ginn ass, déi Säll a Klassesäll ëmzewandelen, sinn d'Sammlungen an d'Vaubanskasär am Pafendall (déi 1956 ofgerappt gouf) komm. D'Ënnerbréngung vun de Sammlungen op dëser Plaz setzt de Musée e bëssen an den Aus wëll se fir Visiteuren net sou attraktiv ass.

De Musée um Fëschmaart (1922-1996)[änneren | Quelltext änneren]

1922 huet de Staat um Fëschmaart d'Collart-de-Scherf-Haus an déi sougenannten Al Gendarmeriesgebaier kaaft a fir d'Besoine vum Musée transforméiert. Während e sëlleche Jore féiert de Staat Restauratiounen, Ariichtungs- an Installatiounsaarbechten duerch. De Musée blouf während där Zäit fir de grousse Public zou, wat laang Zäit Thema vun der politescher Polemik war an och fir ëffentlech Opreegung gesuergt huet. Wéi 1940 dunn d'Aarbechte bal fäerdeg waren, hunn d'Sammlungen trotzdeem, wéinst der Invasioun vun den däitschen Truppen, erëm missten op méi sécher Plaze geplënnert ginn.

Nom Krich goufen dunn no a no déi eenzel Säll fir d'Allgemengheet opgemaach. Eng éischt temporär Ausstellung ass 1946 organiséiert ginn. Dee leschte Sall vum Naturmusée ass 1956 ageweit ginn.

An den 1960er an 1970er Joren huet den Naturmusée seng Aktivitéiten diversifizéiert. Sou sinn dunn och déi geophysikalesch Wëssenschaften an d'Astrophysik mam Planetarium an de Musée agezunn. 1970 krut de Musée als éischt zu Lëtzebuerg en elektronesche Mikroskop, Material dat fir d'Fuerschung net z'entbieren ass.

Zanter 1980 huet de Musée säin Erzéiungsdéngscht fir d'Schoulklassen entwéckelt an huet Aktivitéiten initiéiert fir d'Kanner fir d'Ëmwelt ze sensibiliséieren (Fräizäitaktivitéite fir Jugendlecher, Panda-Club, Sensibiliséierungskampagnen, Musée-Bus, Galileo Science Mobil, Publikatiounen) an huet d'wëssenschaftlech Fuerschung iwwer de "Patrimoine naturel" relancéiert.

Den neien Naturmusée am Gronn[änneren | Quelltext änneren]

Bis 1996 deele sech de Geschichts- a Konschtmusée an den Naturmusée d'Gebaier um Fëschmaart. Mä am Laf vun deene leschte Joerzéngten hu sech hir Sammlungen sou vergréissert an hir Aktivitéite sou diversifizéiert, datt dru geduecht ginn ass, déi zwéi Muséeën ze trenne fir de Plazproblem ze léisen.

Zanter den 1970er Joren huet den Naturmusée also nei Gebailechkeete gesicht. De 6. Februar 1986 huet d'Chamber e Gesetzesprojet adoptéiert iwwer d'Restauratioun vum Hospice Saint Jean an den Ëmbau vun dësem historesche Monument fir den Naturmusée.

Déi administrativ Trennung vun deenen zwee Staatsmuséeën an e Geschichts- a Konschtmusée an en Naturmusée duerch d'Gesetz vum 28. Dezember 1988 spigelt d'parallel Entwécklung vun zwou staatleche kulturellen Institutiounen erëm, déi sech duerch ënnerschiddlech Konzepter ënnerscheeden an allebéid zur Uräicherung vum kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg bäidroen.

Vun 1996 un empfänkt den Naturmusée seng Visiteuren an dräi Gebaier déi béidsäiteg vun der Münsterstrooss leien. All Gebai ass fir eng bestëmmt Aktivitéit virgesinn.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Haaptgebai: den Hospice Saint Jean[änneren | Quelltext änneren]

Am Hospice Saint Jean ass den Naturmusée mat senge sëlleche permanenten an temporären Ausstellungen ënnerbruecht. Dobäi kommen eng Cafeteria an e Butték.   Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hospice Saint Jean Nuvola apps xmag.png

Fuerschungszentrum[änneren | Quelltext änneren]

A schliisslech ëmfaasst de Fuerschungszentrum (Centre de recherche scientifique) sechs Laboratoiresbureauen an zwéin Depote fir d'Sammlungen. Eng Equipe vu Fuerscher, awer och vu fräiwëllege wëssentschaftleche Mataarbechter ënnersichen do d'Mustere vun de Sammlungen a beméie sech ëm déi wëssenschaftlech Aspekter vum Musée.

Gebai fir pedagogesch Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

D'Erzéiungsgebai huet dräi Klassesäll fir seng Sensibiliséierungsaktivitéite fir d'Ëmwelt, déi fir Jugendlecher an haaptsächlech Schoulkanner geduecht sinn.

Depoten[änneren | Quelltext änneren]

Den Naturmusée versuergt dee gréissten Deel vu senge Sammlungen op 4000 an engem Depot zu Kielen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J. A., 2004. Vom Kuriositätenkabinett zum Naturmuseum: 150 Jahre naturhistorisches Museum in Luxemburg. Lëtzebuerger Journal 2004, Nr. 232 (3. Dez.): 10-12. [1]
  • Massard, J. A., 2004. Regards sur l'histoire du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg. Conférence en langue luxembourgeoise faite le 28 octobre 2004 au Mnhn par Jos. A. Massard, collaborateur scientifique du Mnhn. [2] (Texte de la conférence). Diaporama (PowerPoint) [3]
  • Massard, J. A. & G. Geimer, 2004. Chronologie: Regards sur l'histoire du Musée national d'histoire naturelle. Überblick über die Geschichte des Nationalmuseums für Naturgeschichte. In: S. Philippo (réd.): 150 Joer Musée national d'histoire naturelle du Luxembourg. Luxembourg, S. 6-89.
  • Philippo, S. (réd.), 2004. 150 Joer Musée national d'histoire naturelle du Luxembourg. Luxembourg, 278 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalmusée fir Naturgeschicht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Cf. Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat am Mémorial A - N° 120 vum 15. Juli 2004, S. 1798-1810.
  2. Fréieren Numm vun der Sektioun: Anthropologie/mënschlech Biologie