Diskussioun:Nationalmusée fir Naturgeschicht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech mengen hei ginn epuer Saachen an een Dëppe gehäit Nationalbilbliothek a Koléisch an daat ganzt och 1850. Ech bréngen et nët fàerdeg fir do mat der Chronologie eens ze ginn. Les Meloures 14:44, 8 September 2006 (UTC)


Op dëser Foto (MuséeGronn.JPG) ass d'Abtei Neimënster ze gesinn an net den Naturmusée? --Tomateus 09:29, 1. Dez 2007 (UTC)

Dat ass effektiv richteg. D'Photo gouf duerfir an den Artikel Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster eriwwergeholl.--Fliedermaus 15:37, 19. Dez 2007 (UTC)

Den Natur musée?[Quelltext änneren]

"och kuerz Naturmusée genannt ....": Um Logo an op e puer Plaze vun hirer Websäit liesen ech "natur musée". Hunn déi e Problem mat der Schreifweis? --Cornischong 15:44, 22. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

No der Viruleedung geet ons d'Schreifweis natur musée erëm verluer. Wier et net besser dee Lemma stoen ze lossen, an z'erklären datt dat de Logo ass, an eventuell mat engem Bild ze dokumentéieren. Les Meloures 21:15, 1. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudden Nowent,

op hirem Entëte-Pabeier steet uewe lénks: natur musée
ënnen am Rand steet breet iwwer déi ganz Säit: musée national d'histoire naturelle (sic).
Zu Lëtzebuerg ass et keng Ausnahm datt Instituter, Ministèren asw e puer Schreifweisen, an och Variante vun hirem Numm gebrauchen. Cf z.B. d'Schoulen an d'Nimm déi se sech op hire Websäite ginn. :-) --Cayambe 22:01, 1. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Remoien
Dat ass jo schonns op e puer Mol hei erkläert ginn. Ech froe mech just firwat datt dat geréckelt gëtt. En Artikelchen iwwer dee Logo wier jo net schlecht, wann an deem z.b. erkläert géif ginn, wéi dee Logo entstanen ass, wien d'Iddi derfir hat, wien en entworf huet, a wéini a ween decidéiert huet datt dee soll gebraucht ginn. Besteet do keng Méiglechkeet.

Les Meloures 22:14, 1. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]