Musée-Bus

Vu Wikipedia

De Musée-Bus, och nach "Musée-Bus 2000" genannt, ass den éischte[1] Bus vum Naturmusée an ass zanter dem Mee 1994 am Asaz.

De Bus gëtt am Kader vun dezentralen Aktivitéite vum Service éducatif vum Naturmusée bedriwwen an enker Zesummenaarbecht mat dem Ëmwelt- an Tourismusministère, de Gemengen an den nationalen Naturschutzorganisatiounen.

Dëse "mobilen Naturmusée" ass u sech kee richtege Bus, mä e Camion, deem seng Këscht automatesch ausernee gezu ka ginn, wouduerch e Raum entsteet mat enger Fläch vu 50 m2, deen als Atelier, als Labo oder fir Konferenzen oder Ausstellungen ka benotzt ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Galileo Science Mobil ass deen zweete Bus vum Naturmusée an ass zanter dem Februar 2002 am Asaz.