Panda-Club Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Cover vun der Zäitschrëft De Panewippchen Nr. 93 (4/2010). Ënne lénks gesäit een de Logo vum Panda-Club nieft dem vum naturmusée.

De Panda-Club ass eng Initiativ vum Nationalmusée fir Naturgeschicht. De Club bitt Natur- a Fräizäitaktivitéite fir Kanner tëscht 6 an 10 Joer.[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech war de Panda-Club e Veräin ouni Gewënnzweck, deen den 28. Abrëll 1987 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt gouf.[2] De vollstännegen Numm vun der A.s.b.l. war Panda-Club fir jong Leit an hir Ëmwelt asbl.

An den 1990er Jore gouf de Veräin opgeléist an zanterhier funktionéiert de Panda-Club als Ofdeelung am Naturmusée, déi un de Service éducatif rattachéiert ass.

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

An der Schoulzäit ginn dënschdes an donneschdes Nomëttes Aktivitéiten ugebueden, an der Vakanz all Dag. Si sinn entweeder am Naturmusée oder am Galileo Science Mobil, dem wëssenschaftleche Bus vum Naturmusée.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Panda-Club gëtt follgend Publikatiounen eraus, déi un all Membere geschéckt ginn:

  • Panda-News, de geneeë Programm vun allen Aktivitéiten, kënnt sechsmol am Joer eraus;
  • De Panewippchen, eng illustréiert Zäitschrëft, kënnt véiermol am Joer eraus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. U Jonker vun 11 bis 18 Joer riicht sech de Science Club.
  2. Dem Panda-Club seng Grënnungsstatute goufen am Mémorial Nr. 20: 914 aus dem Joer 1988 publizéiert.