Wiss

Vu Wikipedia
Eng Wiss a Spuenien

Eng Wiss ass eng Fläch, op där Gras an eventuell aner niddreg Planze wéi Kraider a Blumme wuessen. Wise si generell méi oder manner flaach, a relativ fiicht oder bewässert. Am Géigesaz zur Weed steet op der Wiss kee Véi, dat d'Gras frësst, mä d'Gras gëtt geméit fir zum Beispill Hee ze maachen oder fir d'Wiss als Parkanlag z'ënnerhalen.

Grasflächen déi reegelméisseg geméit an dowéinst niddereg gehale ginn, ginn als Wues bezeechent.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wisen – Biller, Videoen oder Audiodateien