Naturschutzgebitt Lellgen-Fréng/op Bärel

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Lellgen-Fréng/op Bärel
Land Lëtzebuerg
Plaz Pënsch, Lellgen, Buckels
Fläch 356,11 ha
Nationalcode RF 13
Koordinaten 49° 59’ 41.4’’ N
      06° 01’ 53.3’’ O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 11. Dezember 2017


D'Naturschutzgebitt Lellgen-Fréng/op Bärel ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Kiischpelt a Parc Housen, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 1. Dezember 2017 geschaf gouf.[1]

Et ass e Bëschgebitt, op enger Fläch vun 356,11 Hektar, nord-ëstlech vun den Uertschafte Pëntsch a Lellgen. Et besteet haaptsächlech aus Bëscher (matzendran de Bësch Bärel) mat géien Häng. D'Baache Lellgerbaach, Helbichbaach a Pëntscherbaach lafen doduerch, resp. maachen d'Grenz.

Op den Häng vum Bësch wiisst am Fréijoer d'Lorblumm (Ouschterblumm, Narcissus pseudonarcissus).

D'Naturschutzgebitt Lellgen-Fréng/op Bärel ass en Deel vun den Natura 2000-Zone Vallées de la Sûre, de la Wiltz, de la Clerve et du Lellgerbaach (LU0001006) a Région Kiischpelt (LU0002013).[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 1er décembre 2017 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle, la zone « Lellingen - Fréng/Op Baerel » sise sur le territoire des communes de Kiischpelt et de Parc Hosingen.