Pënscherbaach
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Pëntscherbaach)
Fuurt duerch d'Pëntsch zu Pënsch | |
Längt | 3,9 km |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn |
Zesummefloss vun der Lamichtsbaach an der Marbich |
Plaz | Siwwenaler |
Héicht | 326 m |
Koordinaten |
50° 00’ 38.5’’ N 06° 01’ 37.8’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Klierf |
Plaz | Lellgen |
Héicht | 289 m |
Koordinaten |
49° 58’ 54.7’’ N 06° 00’ 46.1’’ O |
Haaptnieweflëss | Weipeschbaach |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaften |
Siwwenaler, Pënsch Lellgen |
D'Pënscherbaach och als Pëntsch oder Pentscht op verschiddene Kaarten erëmzefannen ass eng Baach am Éislek. Si entsteet op der Héicht vu Siwwenaler beim Zesummelaf vun der Lamichtsbaach mat der Marbich[1].
Si leeft duerno de ganzen Zäit a Richtung Süden an hëlt ënnerwee e puer kleng Baache mat weider, dorënner d'Weipeschbaach, eng Baach déi vum Flouer Wollefslach, a soss nach e puer Baachen ouni Numm, fir an engem schmuelen Dall laanscht Pënsch weider bis op Lellgen ze lafen. Op dësem leschte Stéck mécht se och d'Grenz mam Naturschutzgebitt Lellgen-Fréng/op Bärel.
Nodeem se do d'Lellgerbaach nach opgeholl huet, leeft se ronn 100 Meter no deem Zesummefloss an d'Klierf.
D'Baach ass 3,9 km laang.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaeck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pënscherbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Administration de la gestion de l'eau