Naturschutzgebitt Wéngertsbierg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Foto gewënscht
Camera-photo.svg
Wann Dir eng selwer gemaache Foto vun dëser Persoun oder vun dësem Objet hutt, déi Dir wëllt zur Verfügung stellen, da
klickt hei fir s'eropzelueden

De Wéngertsbierg ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Lenneng a Fluessweller. A west-ëstlecher Richtung tëscht Kanech a Gouschteng erstreckt sech op 1,8 km um Wéngertsbierg e strukturräicht Gebitt mat alen an zum Deel verwëlderte Wéngerten, Bongerten a Brooche vu ronn 40 ha.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 18. Joerhonnert hu Baueren aus Kanech a Gouschteng éischt Wéngerten a klenge Parzellen am südlech exponéiertem Hank vum Kanecher Wéngertsbierg, deen an der geologescher Formatioun vum Muschelkallek läit, ugeluecht a Wäibau bedriwwen. An der Zäit tëscht 1880 an 1920, wou de Wäibau zu Lëtzebuerg sou richteg gebléit huet, hate si rondrëm Kanech hir gréisste Fläch ageholl. A schwéierer Aarbecht sinn deemools Terrassen, an den Hank gegruewe ginn, nodeem fir d'éischt Getraisch ofgeholzt an heiansdo souguer Stengbätz gesprengt goufen. Mat Hëllef vun Dréchemaueren, déi zousätzlech verhënnert hunn datt bei staarkem Reen de Buedem oftransportéiert gëtt, sinn d'Terrasse stabiliséiert ginn. Souguer op manner gëeegente Flächen, wéi op der Buurg géintiwwer vum Wéngertsbierg ass Wäibau bedriwwe ginn. Deemools war de lëtzebuergesche Wäi vu kenger besonnescher Qualitéit an ass haaptsächlech fir den Export no Däitschland produzéiert ginn, wou e wéinst sengem staarke Saieregehalt mat däitsche Wäiner verschnidde gouf.

Duerch d'Ënnerschreiwe vum Traité vu Versailles 1919 huet Lëtzebuerg den däitschen Zollveräin verlooss, woumat d'lëtzebuerger Wënzer hire wichtegste Marché verluer haten. Fir sech un déi nei Konditioune vum Marché unzepassen, huet een decidéiert op eng Produktioun vu gudder Wäiqualitéit ëmzeklammen, wat zu groussen Ëmstrukturéierunge gefouert huet. Zousätzlech huet zu Lëtzebuerg 1921 d'Ausbreedung vun der Rieflaus a groussem Mooss zu enger Verännerung gefouert. Wéinst ze héije Käschte fir déi befalen Drauwestäck z'ersetzen, sinn 1922 e Véirel vun de Wéngerte verschwonnen. Gläichzäiteg huet déi schwéier Aarbecht am Wéngert mat bäigedroen, datt ee manner favorabel Flächen opginn huet. Zu där Zäit ass d'Aarbecht vun der Drauwelies bis zum Verkaf vum Wäi ganz per Hand erleedegt ginn. Déi vill Terrassen op deenen d'Riewe stoungen an déi vun Dréchemauere gestäipt goufen, hunn eng maschinnell ënnerstëtzten Aarbecht onméiglech gemaach. Duerch d'Moossname vum Remembrement zanter 1970 ass Kanech gréisstendeels verschount bliwwen. D'Regruppéierung vun de Wéngerten huet sech just op d'Ewechrappe vun eenzelen Dréchemaueren a verschiddene Parzelle limitéiert. Wann och nach bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert op gréissere Fläche vum Kanecher Wéngertsbierg Wäibau bedriwwe gouf, sou hunn dach déi meescht Wënzer hir Drauwestäck lues a lues ganz einfach opginn.

Zanter den 1990er Joren huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt éischt Parzellen am Gebitt opkaf, déi zum Deel scho staark verwëldert waren, fir a beméit sech zanterhier fir dës al Kulturlandschaft z'erhalen.

Biologesche Wäibau[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst dem staarke Réckgank vum Wäibau an der Kanecher Géigend, ass op Initiativ vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur an Zesummenaarbecht mat der lokaler Sektioun vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga (haut natur&ëmwelt) decidéiert ginn, zanter 1995 en ale vernoléissegte Wéngert mat Dréchemaueren um Wéngertsbierg no den Directive vum biologeschem Landbau nees weider ze bewirtschaften. Als éischte vu senger Zort zu Lëtzebuerg erstreckt sech dëse Wéngert iwwer eng Fläch vun 51 Ar vun am Ganzen dräi Hektar, déi hautdesdaags nach exploitéiert ginn. Dës Notzung ouni chemesch-synthetesch Planzeschutz- an Düngemëttel ass praktesch nëmmen an ofgeleeënen a fréier benotzte Säitendäller vun der Musel méiglech, déi vun de groussflächege Wäibiergbesprëtzungen aus der Loft verschount bleiwen. Am Géigesaz zum konventielle Wäibau ginn an dësem Wéngert verhältnesmäisseg al Drauwestäck bäibehalen, déi zwar net sou produktiv sinn, allerdéngs eng qualitativ besser Rekolt erginn. Bei der Drauwenzort handelt et sech ëm de Rhäinfränsch, deen zu Kanecher Gotteszorn an an e Vin mousseux, genannt Terrasses d'Or, verschafft a privat vermaart gëtt. Den Erléis vum Wäiverkaf kënnt der Fleeg vum Wéngert zegutt. Fir déi lokal Kulturierfschaft z'erhalen, sinn all Joer Schoulklassen un der Rekolt an dem Drauwepresse bedeelegt. De Projet ass 1997 mat dem Henri Ford European Conservation Award ausgezeechent ginn.

Tëscht 2012 an 2013 gouf eng Dréchemauer am Wéngert restauréiert. De 25. Juni 2013 gouf op där Plaz d'Enn vum Chantier a Presenz vum Minister Marco Schank gefeiert[1]

Naturléierpad[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Broschür: Découverte du Kanecher Wéngertsbierg et de la commune de Lenningen. Gemeng Lenneng, Leader+ Lëtzebuerger Musel, 2006.
  • Canecher Wéngertsbierg

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (ld), 2013. "Kanecher Wéngertsbierg" wurde renoviert. Erneuerung der Trockenmauer nützt Biodiversität. Luxemburger Wort vum 29. Juni 2013, S- 38.