Naturschutzgebitt Strombierg

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Strombierg
Land Lëtzebuerg
Plaz Schengen
Fläch 29,2 ha
Nationalcode RF 11
Koordinaten 49°27'43"N, 6°21'43"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 20. Abrëll 1993

Strombierg (deels och Stroumbierg) ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Schengen. Zu Schengen am Dräilännereck läit um Stroumbierg[1] e Bëschgebitt, wouvun zirka 29 ha zanter dem 20. Abrëll 1993 ënner Naturschutz stinn.[2]

Geologie a Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Géigend ëm de Stroumbierg zeechent sech duerch eng héich Dicht vu geologesche Schichten aus. Tëscht der Musel (145 m (NG-L)) an dem héchste Punkt um Plateau (315 m) läit eng Äerdgeschicht vu ronn 170 Millioune Joren. Am Muselbett läit dat eelst Gestengs (haaptsächlech Quarzit) aus der Devon-Zäit (virun ongeféier 400 Millioune Joren), dat sech als Sand am fréiere Mier ofgesat a verfestegt huet. Virun 250 Millioune Joren an der Ufankszäit vun der Trias war d'Gebitt nees bal ganz vum Mier bedeckt. Nei Mieresoflagerungen iwwer de Schichte vum Devon hu sech ofgesat. Et hu sech an der Ënneschter Trias Buntsandsteen a schliisslech Schichten aus Gips an Dolomit an der Mëttlerer Trias forméiert.

Um Stroumbierg ass an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert ënner Dag Gips ofgebaut gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gipsgrouf Stroumbierg.

Duerch de Gipsofbau ervirgeruff, ass ufanks der 1950er Joren de ganzen Osthank vum Stroumbierg un d'Rutsche komm. Den Äerdrutsch hat grouss Schied un Natur an Infrastrukturen hannerlooss an de Gipsofbau schliisslech onméiglech gemaach. An der Tëschenzäit huet d'Natur de Stroumbierg mat den neien entstanene schützenswäerte Liewensraim nees zeréckeruewert. D'Gebitt ass schliisslech mam groussherzoglechem Reglement vum 20. Abrëll 1993 mat 29,20 ha als Naturschutzgebitt ausgewise ginn.

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst senger Lag um Bord vum klimatesch begënschtegte Museldall an de kallekhaltege Biedem ergi sech um Stroumbierg ideal Konditioune fir eng aarteräich Natur. Besonnesch déi rar Moos- a Farflora an déi räichhalteg Vullewelt mat 58 verschiddenen Aarte wéi Uhu (Bubo bubo), Kleng Bëschdauf (Columba oenas) a Grospiecht (Pinus canus), déi observéiert gi sinn, stiechen um Stroumbierg ervir.

Dem natierleche Verwitteren ausgesat an duerch den ënnerierdesche Gipsofbau begënschtegt, hu sech am Laf vun der Zäit Gestengsbléck aus der dominanter Dolomitfielswand am Osthank lassgeléist an um Fouss vun dëser ugesammelt. Op dësen instabille Buedemverhältnisser mat nëmme wéineg Feinbuedemundeel huet sech e Lannen-Ahorn-Schiethankbësch entwéckelt. Dës schützenswäert, klengflächeg Bëschgesellschaft setzt sech an der Bamschicht aus der Lann (Tilia platyphyllos) an dem Kräizholz (Acer campestre), ëmgi vu jonkem Routholz (Ulmus glabra), zesummen. D'Trauschschicht gëtt ënner anerem vun der Rouder Kréischel (Ribes rubrum) an dem Kierelter (Cornus mas) geprägt, wärend d'Krautschicht aus engem dichtem Teppech aus Moosen a Wantergréngs (Hedera helix) mat gréisser Pitsch vun Hirschzong (Phyllistis scolopendrium) an anere Faraarten tëscht dem Gestengs dominéiert gëtt. D'Dolomitfielsen, Gestengsbléck an zum Deel Beemstämm si vun enger üppeger Moosschicht bedeckt. Weider ënner der Fielswand, do wou d'Gefäll ofhëlt an de renge Buedemundeel zouhëlt, huet sech en nierstoffräiche Buedem iwwer d'Zäit forméiert, dee vun engem Pärelgras-Bichebësch, an deem d'Bich (Fagus sylvatica) virherrscht, bewuess gëtt.

Iwwer der Fielswand um Plateau vum Stroumbierg dominéiert eng thermophil Vegetatioun. Déi dicht Gehölzbestänn an deenen ënner anerem den Holzapel (Malus sylvestris) an d'Klematis (Clematis vitalba) virkommen, sinn duerch déi natierlech Entwécklung aus aarteräichen Hallefdréchewisen ervirgaangen, déi nach bis an d'1980er Joren oppe waren. Duerch Zouwuesse vun dëse Wisen hunn zum Beispill d'Melitaea phoebe an d'Ephippiger ephippiger hire Liewensraum verluer. D'Hallefdréchewisen hirersäits sinn aus Akerflächen entstanen, déi an der Mëtt vum 20. Joerhonnert hu missen deelweis opgi ginn, nodeem agestierzt Gipsgalerien déif Splécken um Plateau verursaacht hunn.

Naturléierpad[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2005 ass vum Ëmweltministère an der Forstverwaltung an Zesummenaarbecht mam Service Géologique, dem Service des sites et monuments nationaux an der deemoleger Gemeng Rëmerschen (haut Gemeng Schengen) e Léierpad amenagéiert ginn. Mat Depart ënner der Muselbréck zu Schengen ass de 4,5 km laange Pad an zwou Schleefen opgedeelt a mat 23 Panneauen iwwer verschidden Aspekter vum Naturschutz, dem fréierem Gipsofbau an iwwer déi landschaftlech, geologesch a kulturhistoresch besonnesch Eegenschafte beräichert. Den nërdleche Circuit (2 km) féiert duerch Schengen an d'Wäibaugebitt Markusbierg, wärend de südleche Circuit (3,2 km) duerch Naturschutzgebitt verleeft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Naturschutzgebitt Strombierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Depliant: Waldentdeckungspfad Strombierg/Sentier de découverte Strombierg. Ëmweltministère - Forstverwaltung, Service Géologique, Service Sites et Monuments Nationaux, 2005.
  • Panneauen um Entdeckungspad
  • Gipsgrube Stromberg Schengen
  1. sou genannt op geoportail.lu
  2. Règlement grand-ducal du 20 avril 1993 déclarant zone protégée la réserve forestière du Strombierg englobant des fonds sis sur le territoire de la commune de Remerschen. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.