Markusbierg

Vu Wikipedia
De Markusbierg, vu Perl aus gekuckt.

De Markusbierg ass e Wéngertsbierg an eng bekannt Wäilag zu Schengen.

No dem zimmlech strenge Wanter 1928/29 waren déi meescht Riewen zu Schengen net méi ze retten. Aus der Nout eraus gouf e Verbond gegrënnt, dee beschloss hat, d'Wäibaugebitt ronderëm Schengen komplett nei ze strukturéieren an d'Produktioun konsequent op Qualitéitswäin ëmzestellen. Net manner wéi 85 Wënzer vu Schengen hu sech am Joer 1933 fräiwëlleg zesumme gedoen, fir den néidege Remembrement z’organiséieren. Duerch d'Zesummeleeë vu villen, meeschtens klenge Lagen, gouf um Enn en 20 Hektar grousst eenheetlecht Areal geschaf[1]. De Markusbierg war 1936 deemno den éischte Wéngertsbierg zu Lëtzebuerg op deem, am Kader vun engem Remembrement, kleng Wéngerten zu méi groussen zesummegeluecht goufen.

D'Markushaischen um Markusbierg.

Den 13. September 1936 gouf dat neit Areal am Kader vun enger Feierstonn ënner de Schutz vum hellege Markus gestallt. Bei där Geleeënheet krut de Bierg säin Numm[2]. Zanterhier steet och déi vum Claus Cito geschafe Statu vum hellege Markus um Markustuerm (och nach Markushaischen)[3].

Beim Markustuerm, dee fréier och als Juegdhaus gebraucht gouf[3], handelt et sech am Fong ëm e Wiertuerm aus dem Mëttelalter. Wéini datt e genee gebaut gouf, ass net bekannt[1].

2015 an 2016 gouf de Markustuerm bausse renovéiert an d'Statu restauréiert[3],[4]. D'Aweiung war den 2. Juni 2017[5].

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer d'Origine vum Numm Markusbierg sinn d'Meenunge gedeelt. Den Numm kéim entweeder vum Evangelist Markus, zu deem bei Wiederen a Knëppelsteng gebiet gëtt fir Schued op der Gewan ze verhënneren. Oder awer de Wéngertsbierg wier nom Markus Collart genannt, deem zu där Zäit d'Schengener Schlass an och déi meeschte Wéngerten um Markusbierg gehéiert hunn, an deen och den Tuerm opriichte gelooss huet[2].

Den Tunnel Markusbierg[änneren | Quelltext änneren]

Den Tunnel Markusbierg, duerch deen d'Autobunn A13 féiert, läit nordwestlech vum Markusbierg a leeft also net, wéi den Numm et seet, duerch de Markusbierg. Beim Bau vun der Autobunn hunn d'Ponts et Chaussées e bekannten Numm fir den Tunnel gesicht an agefouert[2].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (SMH), 2015. Schlossherr Markus oder Heiliger Markus. Der "Markusberg" oder die Suche nach dem Namensgeber. Luxemburger Wort vum 14. Januar 2015, S. 28

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Markusbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Informatiounsplack um Markushaischen
  2. 2,0 2,1 2,2 Luxemburger Wort vum 14. Januar 2015, S. 28.
  3. 3,0 3,1 3,2 marc, 2016. Der Markusberg in Schengen: Neuanfang nach 80 Jahren. Die Restaurierung des Markusturms ist fast abgeschlossen. Luxemburger Wort vum 13. September 2016, S. 23.
  4. Op der Informatiounsplack um Markushaische steet d'Joer 2016/17
  5. Feierlech Aweihung vum Markushaischen (Markustuerm) zu Schengen op mywort.lu de 6. Juni 2017, fir d'lescht gekuckt de 4. November 2018