Naturschutzgebitt Uewersauerdall Bruch-Misärsbréck
Ausgesinn
|
| |
| Land | Lëtzebuerg |
|---|---|
| Plaz | Bauschelt, Rammerech |
| Fläch | 1.477,38 ha |
| Nationalcode | ZH 16 |
| Koordinaten | 49°52'1,74"N, 5°47'27,74"O |
| Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
| Geschützt zanter | 19. Mee 2014 |
|
| |
D'Naturschutzgebitt Uewersauerdall Bruch-Misärsbréck ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Bauschelt an Rammerech. D'Bestëmmunge vum Naturschutzgebitt goufen am Règlement grand-ducal vum 19. Mee 2014 festgehalen.[1]
Et handelt sech ëm en Areal vu 1477,38 Hektar, dat virun allem aus Fiichtwisen laanscht d'Sauer an e puer Niewebaachen, op hirem Laf tëscht dem Flouer Bruch (dëssäit vu Grumelange) a Misärsbréck besteet.
D'Naturschutzgebitt Uewersauerdall Bruch-Misärsbréck ass en Deel vun der Natura-2000-Zon LU0001007 "Dall vun der Uewersauer a Stauséi Uewersauer".
